
© Pixabay
... 57 Joer fält a Grönland eng amerikanesch Boeing B-52 erof. De Fliger huet 4 Waasserstoffbommen u Bord, vun deenen d'Militär bis haut eng net soll erëmfonnt hunn.
1793 ass et den Héichpunkt vun der franséischer Revolutioun, wéi de Kinnek Louis XVI zu Paräis op der Guillotine stierft. De leschte Monarch deen um Schlass Versailles gewunnt huet, gëtt op der haiteger Place de la Concorde gekäppt.
Méi erfreelech ass 1911 en Event dat an der franséischer Haaptstad säin Ufank hëlt. Vun do, a 5 anere Plazen, starten am Ganzen 20 Equipagen a Richtung Monaco. Et ass den Depart vum éischte Rallye vu Monte Carlo.
Apropos Rallye - 2001 gewënnt mat der Däitscher Jutta Kleinschmidt di bis haut eenzeg Fra de Rallye Dakar. Depart vum Rallye war zu... Paräis.
1980 gëtt di Chineesesch Mauer ënnert Denkmalschutz gestallt. Zu deem imposante Bauwierk ziele verschiddenst Grenzanlagen aus ënnerschiddlechsten Epochen, moossen zesummegerechent méi wéi 21.000km a gi permanent restauréiert. 4 Deelstécker dovu sinn op fir Touristen. Iwwregens kann een di Grouss Mauer net aus dem Weltall gesinn - dofir ass se ze schmuel.
Haut virun 20 Joer mussen di iresch Automobilisten anescht iwwerleeën a rechnen. Di brittesch Meile ginn duerch di europäesch Kilometeren ersat. Entretemps dierften se sech dru gewinnt hunn.
2011 kënnt dem Adele säin zweeten Album "21" eraus. Mat gutt 31 Millioune verkaaften Exemplairen ass et dee meeschtverkaaften Album vun dësem Joerhonnert.
Een Dag nodeems den Donald Trump 2017 säin Eed ofgeluecht huet, ginn zu Washington méi wéi eng hallef Millioun Leit op d'Strooss a protestéiere fir Fraen- a Mënscherechter, a fir d'Reform vun de Immigratiounsgesetzer. Weltwäit gëtt et 670 änlech Aktiounen.
An dobäi hu sech der warscheinlech och vill an den Aarm geholl. Well haut ass den internationalen Dag dofir. De Weltknuddeldag, agefouert 1986 vun engem Paschtouer, genee op der Hallschent tëscht dem Fest vun der Léift (Chrëschtdag) an dem Dag vun de Verléiften (Vältesdag).

© Pixabay
Aner gutt Gefiller kënnt dir haut kréie wann Dir beim Dag vun der Jogginsbox matmaacht. Deen ass och haut.

© Pixabay
1924 gebuer gëtt de brittesche Komiker Benny Hill.
75 Joer al gëtt de Billy Ocean, Popsänger aus Trinidad.
Säin 18. Gebuertsdag feiert de Luke Littler. Den Englänner ass rezent fir di éischte Kéier Weltmeeschter ginn am Dartsport.