
© pixabay (AI generated)
Hei mol e puer schockant Wourechten: D'Aféierung vum Euro läit 23 Joer zeréck, de Millenium 25 Joer, an d'Lidd "The Final Countdown" vu Europe ass schonn 38 Joer al. Psychologen haten mol an enger Etüd erausfonnt wat hëlleft de Phenomen z'erklären. 500 Leit tëscht 14 a 94 Joer goufen deemols gefrot, wéi séier hirem Gefill no déi lescht 10 Joer ëm waren a fir d'Teenager war dat eng lues Zäit, fir déi jonk Erwuesse méi séier a fir eeler Leit nach vill méi séier.
Och d'Sätz wéi "Ech sinn dacks am Drock, ech hunn net genuch Zäit fir wichteg Saachen an Ech hu vill Zäit" goufe jee no Alter ganz ënnerschiddlech bewäert.
Eisen Appercu ass paradox. Grad dann wann ee wéineg erlieft huet, fillt et sech am Nachhinein esou un wéi wann d'Zäit besonnesch séier ëm wär. E langweilege Schaffdag dogéint wou nëmme Bürosaarbecht gemaach muss ginn, wou een a blabla Meetinge sëtzt an an der Waardeschläif hänkt, dee kann heiansdo éiweg daueren. Owes wonnert een sech dann trotzdeem wat een all déi Stonne gemaach huet, esou de Marc Wittmann vum Institut fir Grenzgebidder vun der Psychologie a Psychohygiène zu Freiburg. Erlieft e wéineg Neies, Opreegendes, bleiwen och manner Erënnerungen an d'Zäit schéngt méi kuerz.
An sengem Buch "Gefühlte Zeit" vergläicht de Wittmann d'Liewe mat enger Vakanz: Am Ufank entdeckt een Onbekanntes, nei Impressiounen, nei Landschaften, an d'Zäit schéngt laang, ma no e puer Deeg kuckt een ëmmer op déi selwecht Vue, dat Neit ass scho Gewunnecht an op eemol ass d'Vakanz ganz séier a vill ze fréi eriwwer. Dofir bleiwen och am Liewen déi éischte Kéieren déi een an der Jugend erlieft: Den éischte Kuss, déi éischte Party, déi éischt eege Wunneng däitlech an Erënnerung. An zwanzeg Joer dee selwechte Büro, déi selwecht Stuff an dee selwechten Hobby an d'Zäit vergeet wéi am Fluch. Wat d'Leit méi al ginn, ëmsou manner sinn se och op fir Neies, wéi aus der Entwécklungspsychologie bekannt ass a wat mer méi Neies erliewen, wat sech och méi an eisem Käppche späichert an ëmsou méi laang wierkt dann d'Zäit. An dat heescht och dass jiddereen déi gefillten Zäit bremse kann, wann en nees op ass fir "éischte Kéieren"
Ofwiesslung ass also de Schlëssel, an d'Etüd beleet och dass Leit iwwer 60 net méi esou staark d'Gefill hunn wéi wann d'Jore géinge fléien. Also schéngt d'Liewen am Alter och d'Vitesse erofzeschrauwen. Ma esou laang muss ee jo net waarden.