... 247 Joer entdeckt de brittesche Séifuerer James Cook als éischten Europäer Hawaii. Hien deeft d'Inselen op de Numm "Sandwich Inselen". Zum sougenannten Aloha State gehéieren 137 Inselen an Atollen.

18/01/2025 Haut virun...

1911 geléngt dem amerikanesche Flugpionéier Eugene Ely di éischt Landung mat engem Fliger op engem Schëff. 2 Méint virdru war him schonn den éischten Depart vun do gegléckt. De System mat engem Krop um Fliger, deen an e gespaante Seel um Deck gräift, gëtt bis haut benotzt.

1969 huet d'ZDF Hitparade Premiere, a gëtt vun do un all Mount, bis Enn 2000, um Zweeten Däitsche gewisen. Dieter-Thomas Heck, Viktor Worms an Uwe Hübner presentéieren am ganzen 368 Episoden.

Stern a Spiegel kréie 1993 Konkurrenz, wéi zu München de neie Noriichtemagasinn Focus erauskënnt. Wéi bei deenen aneren Zeitunge briechen hir Venten och an, mee hiren Internetsite "focus online" ass ënnert de groussen 3 mat Ofstand deen erfollegräichsten.

2007 bléist den Orkan Kyrill iwwer Europa ewech. Wandspëtzte bis 225km/h suerge fir 47 Doudesaffer a Schied vu ronn 10 Milliarden Euro. Och Lëtzebuerg ass vum Kyrill betraff - hei bleift et awer beim Materialschued.

Een Dag virun der Vereedegung vum Barack Obama gëtt 2009 zu Washington de Spektakel "We are one" ofgehalen. Méi wéi 400.000 Leit sinn dobäi, wéi sëllege Stare virum Lincoln Memorial optrieden: Bruce Springsteen, U2, Stevie Wonder, Beyoncé Knowles, Mariah Carey, John Legend asw. loossen de neien US-President héich liewen.

1892 kënnt den Acteur Oliver Hardy op d'Welt. An engem Zäitraum vun 30 Joer spillt hien 107x den "Décke" bei Laurel and Hardy. Do virdrun hat den Amerikaner schonn an 270 Stommfilmer matgewierkt. Säi Spëtznumm war iwwregens "Babe".

75 Joer al gi wier haut de Gilles Villeneuve. De kanadeschen Automobilsportler gëllt als gréissten Talent, dat ni Formel 1 Weltmeeschter gouf. De spektakuläre Kanadier stierft 1982 bei engem Accident zu Zolder an der Belsch. Zanterhier ass de Formel 1 Circuit vu Montréal nom Villeneuve benannt.

70. Gebuertsdag fir den Acteur, Regisseur a Museker Kevin Costner.

2016 stierft de Glenn Frey, US-amerikanesche Rockmuseker, Grënnungsmember vun den Eagles an och solo erfollegräich.

... an haut ass de Weltdag vum Schnéimännchen - den Datum huet mat der Form vun engem Schnéimännchen ze dinn:
d'8 steet symbolesch fir säi Kierper, an d'1 virdrun fir säi Biesem deen en an der Hand huet.

Bleift um Enn nach d'Fro: Muss ee bei Schnéimännchen eigentlech och genderen? ...