... 116 Joer krit de Georges Claude en US-Patent op de Neonstüb deen hien erfonnt huet. Bei der Ënnersichung vun den Edelgase war dem Fransous opgefall, dass dës ënner Stroum liichten. Seng Erfindung kann de Physiker weltwäit fir Reklammzwecker vermaarten.

19/01/2025 Haut virun...

1917 fänkt de brittesche Geheimdéngscht di sougenannten Zimmermann-Depesch of. Dora schléit den däitschen Diplomat Arthur Zimmermann Mexiko e Bündnis vir géint d'USA, déi zu deem Moment nach net an den Éischte Weltkrich agetruede sinn. De Mexikaner gëtt an Aussiicht gestallt, verluere Gebidder wéi z.B. New Mexico, Kalifornien, Colorado a Nevada zréck ze kréien. Dësen Telegramm ass mat dofir responsabel, dass d'Amerikaner duerno an de Krich agräifen.

1966 gëtt d'Indira Ghandi zur éischter Premierministesch vun Indien. Virdru war si Informatiounsministesch an ass domat nom Sirimavo Bandaranaike a Ceylon di zweet Staatschefin in Asien.

1999 decidéiert dat däitscht Bundesarbeitgericht an engem Grondsazurteel, dass e Patron e generellt Fëmmverbuet op der Aarbechtsplaz decidéieren dierf. Et gëtt ee jo schliisslech och bezuelt fir ze schaffen, a net fëmmen.

RTL

© Pixabay

Décke Gas gëtt 2013 de Fransous Johan Clarey. Bei der Skidescente zu Wengen an der Schwäiz erreecht hie mat 161.9 km/h di bis haut héchste Vitess am alpinne Skiweltcup.

Haut virun engem Joer gëtt Japan di 5. Natioun, déi erfollegräich um Mound lant. Wéinst engem Defekt um Undriff geet d'Sond SLIM awer op der falscher Plaz erof a läit sou wäit am Schied, dass hir Solarzelle net genuch Stroum produzéiere kënnen. 9 Deeg méi spéit ka se sech awer rëm aschalten an Daten iwwerdroen.

95 Joer al gëtt haut di amerikanesch Actrice Nathalie, genannt Tippi Hedren. An de 1960er Jore gëtt si weltberüümt duerch hir Haaptrollen an den Hitchcock-Filmer "Die Vögel" a "Marnie".

82 Joer al gi wier d'Janis Joplin. Di amerikanesch Sängerin gëllt als éischte weibleche Rockstar a stierft mat 27 Joer den Drogendoud. Si hannerléisst 1500 Dollar, déi laut Testament vun hire Kolleege versoff solle ginn.

79. Gebuertsdag fir d'Dolly Parton. A 6 Joerzéngten huet di amerikanesch Countrymusekerin méi wéi 100 Millioune Placke verkaaft an ass mat 10 Grammyen ausgezeechent ginn. Donieft ass d'Dolly dem Miley Cyrus seng Giedel.

45 Joer al gëtt den Jenson Button. De brittesche Motorsportler gewënnt a senger Karriär 15 Grand-Prix a gëtt 2009 Formel-1-Weltmeeschter.