
De Saarlännesche Mobilitéitsministere huet mat senger Campagne „Gaffen ist gefährlich“ e ganz neien Usaz geschaaft: A Videoclippe ginn dramatesch Beispiller gewisen. En Opfueraccident wéinst enger Damm, déi eng Foto vun engem Accident maache wollt; en anere Mann, dee fir den Doud vun zwee Leit responsabel ass, well e beim Knipsen d'Kontroll iwwert säin Auto verléiert oder eng aner Fra, déi beim Gaffe vun engem Auto 30 Meter mat ewechgerappt gouf. Haart Geschichten, déi zum Nodenken ureege sollen.
„Gaffen ass kee Kavaléiersdelikt“, heescht de Message vun der neier Campagne. Wat stécht derhannert a wisou ass d'Thema esou wichteg? Mir hu beim Frank Maas aus dem ACL nogefrot:
Oft si sech sech dës Leit net bewosst, dass se sech an och anerer Gefor bréngen. Weider Onfäll provozéiere kënnen am Fall vun engem Accident leeschten d' Rettungsdéngschter eng extreem wichteg Aarbecht, wou wierklech all Sekonn zielt. Sollt dës Hëllef gestéiert ginn, wéi zum Beispill duerch bewosst Luesfueren am Wee stoe vun Autoen oder Schaulustegen, kann dat natierlech schlëmm Folge fir déi verletzte Persoune bedeiten. Aus deem Grond ass et eigentlech liewenswichteg, dass d' Rettungsdéngschter ongestéiert schnellstméiglech hëllefe kënnen. An eng weider Konsequenz duerch de Virwëtz ass d' Bilde vun onnéidege Stauen.
Et ginn esouguer Leit déi op der Autobunn stoe bleiwen, aus dem Auto klammen a filmen d'Accident fir e puer Likes an de soziale Medien. Esou Aktioune behënneren net nëmmen d'Rettungsdéngschter ma kënne jee no deem haart bestrooft ginn.
Fir et ganz kloer ze beäntweren, däerf ee keng Foto vun anere Persounen op engem Accident maachen. Dozou werft d' Fotograféiere vu Leit, déi an Nout sinn, och nach ethesch a moralesch Froen op. An eise Message vum ECL aus ass e récksichtsvollen a respektvollen Ëmgang tëschent alle Verkéiersteilnehmer. An do gëllt dëst Verhale sécher net derzou.
Wéi verhält een sech dann elo richteg, wann en Accident geschitt an et ass een direkt an der Géigend? Well all Fall sech anescht duerstellt ass dat jo schwéier ze generaliséieren?
All Bierger ass selbstverständlech verflicht, laut dem Code pénal, enger anerer Persoun an Nout ze hëllefen, soulaang ee sech net selwer a Gefor bréngt. Sou gëllt zum Beispill en Noutruff um 112 schonn als Hëllefmoossnam. Am Fall vun engem Accident ass et wichteg, eng Rettungsgaass ze loossen, fir dass d'Hëllefskräften esou séier wéi méiglech Zougang hunn. Ass een als Éischt op der Onfallplaz, soll een den Auto mat der Warnblinkanlag ofstellen, fir um Erausklammen net vergiessen eng Sécherheetsveste unzedoen an ee Warndräieck opzestellen.
Esoubal den Noutruff eraus ass, muss een dann och d'Situatioun selwer kënnen aschätzen ob een éischt Hëllef leeschte kann, bis de Rettungsdéngscht op der Plaz ass. Wichteg ass et weder sech selwer nach anerer a Gefor ze bréngen.
