
© pixabay.com
Follgend Situatioun: E Familljemember, dee reegelméisseg op d'Juegd gaangen ass, stierft. Doheem leien direkt e puer Flënten, déi et heescht ze plënneren. Do stellt sech dann d'Fro: Dierf een déi Waffen einfach esou mat bei sech heem huelen oder brauch een dofir eng speziell Autorisatioun? Mir hu beim Luc Reding, Jurist um Justizministère, nogefrot.
Luc Reding, Jurist um Justizministère:
"Also wann et sech ëm Waffen handelt, déi ënnert d'Waffegesetz falen, da war do natierlech eng Autorisatioun néideg. Dat gëllt och fir den Ierwen, dat heescht, och wann een zivilrechtlech Waffen ierft, da brauch een trotzdeem e Waffeschäin dofir, déi dierf een net einfach esou halen."
Natierlech ass et méiglech, déi Waffen an enger éischter Phas emol aus der besoter Wunneng erauszehuelen a mat bei sech heem ze huelen. Mee dobäi sollt et dann awer net bleiwen:
"Dat wichtegst ass am Fong geholl, dass ee sech dann als Ierwe sou séier wéi méiglech un de Waffeservice vum Justizministère went oder och bei der Police oder wat och eng Méiglechkeet ass, wann een e Waffenhändler huet, dee kann och d'Waffen an Depot huelen oder en Depot-Vente. Dat ass eng Virsiichtsmoossnam, déi wier sënnvoll, well da sinn, einfach gesot, d'Waffen emol aus dem Haus an da kann och näischt geschéien, bis een dann e Waffeschäin hätt."
Sollt een d'Waffen awer wëllen doheem versuergen, da geet et awer net, déi emol einfach a sengem Kleederschaf oder ënnert dem Bett ze stockéieren:
"Dat ass effektiv keng gutt Iddi. Den Artikel 39 vum Waffegesetz gesäit ausdrécklech vir, dass déi Waffe mussen ewechgespaart sinn an d'Waff an d'Munitioun mussen och getrennt ewechgespaart sinn. Wa mir an der Vergaangenheet emol esou Fäll haten, wou dat festgestallt ginn ass, dann hunn déi Leit souguer riskéiert, de Waffeschäin ewechgeholl ze kréien."
Deemno muss een doheem déi néideg Virriichtung hunn. Dat gëtt dann och kontrolléiert, éier een déi éischte Kéier e Waffeschäin kritt.
Jiddereen, deen eng Waff huet, muss sech beim Waffeservice mellen, fir e Waffeschäin unzefroen. Ma virop sollt ee schonn emol wëssen, dass et verschidden esou Schäiner ginn:
"Et ginn effektiv verschidde Waffeschäiner. Deen éischte groussen Ënnerscheed, deen een do muss kennen, dat ass den Ënnerscheed tëscht engem sougenannte "port d'armes" an enger "détention d'armes". E "port d'armes" kritt een, wann een d'Waff mat eraus virun d'Dier hëlt, fir zum Beispill op d'Juegd ze goen oder fir Sportschéissen ze maachen. Eng Autorisatioun de "détention d'armes" heescht, dass een d'Waff dierf hunn, mee et dierf ee se nëmmen doheem hunn an net mat virun d'Dier huelen. Dat sinn an der Reegel Autorisatiounen, déi ausgestallt gi fir Waffesammler oder fir Leit, déi zum Beispill eng Waff geierft hunn a se einfach nëmme wëllen halen, ouni elo op d'Juegd ze goen oder Sportschéissen ze maachen."
Wann een esou e Waffeschäin ufreet, dann ass d'Prozedur allgemeng fir all Schäin déi selwecht. Ugefaangen natierlech emol mat enger Demande, déi ee beim Waffeservice vum Justizministère erareeche muss:
"De Waffeservice féiert da gewësse Kontrollen duerch, do geet et natierlech haaptsächlech ëm sou Saache wéi de Casier judiciaire an ob een net ze vill bekannt bei der Police ass. Eng aner Neierung, déi mam Waffegesetz vun 2022 agefouert ginn ass, ass, dass ee muss eng Attestation médicale virleeën, fir kënnen e Waffeschäin ze kréien. An da muss een noweisen, dass een doheem déi néideg Installatiounen huet, fir d'Waffen dann och no de Reegele vum Waffegesetz ze versuergen. Da sinn och nach e puer aner Konditiounen, do hänkt et dovunner of, wat ee wëll domadder maachen. Wann een zum Beispill wëll déi Waffen op e Juegdwaffeschäi kréien, da muss een eis eng Kopie vum Juegdschäin eraginn. Wann een e Sportswaffeschäin wëll kréien, da muss een eng Kopie vun enger Memberskaart vun engem Schéissclub oder eng Lizenz vun der Sportschéissfederatioun virleeën."
Wann een eng Waff doheem huet, déi ënnert d'Waffegesetz fält an et huet ee kee Waffeschäin, da mécht ee sech iwwregens strofbar.
"Eng Feierwaff, also eng "arme à feu", déi falen alleguer ënnert d'Waffegesetz. Et ginn haut nach vereenzelt Loftdrockwaffen, zum Beispill déi, déi eng puissance de tir hu vu manner wéi 0,5 Joule, déi gi consideréiert als Spillsaachen. Déi falen net ënnert d'Waffegesetz. An da ginn et nach verschidde Reegelen: Wan een zum Beispill historesch Waffen huet, klassescherweis déi, déi nach vu vir geluede ginn an de Laf, dat si Waffen, déi keen esou grousst Geforepotential hunn, déi kann een doheem versuergen, ouni eng ausdrécklech Autorisatioun vum Justizministère. Mee d'Grondreegel ass, dass all modern Feierwaff ënnert d'Waffegesetz fält a verschiddener sinn esouguer ausdrécklech verbueden. Fir déi kann ee kee Waffeschäi kréien, dat sinn esou Saache wéi vollautomatesch Krichswaffen, do gëtt et an der Reegel keng Méiglechkeet, eng Autorisatioun dofir ze kréien."
Ëm déi 16.000 Waffeschäiner ginn et aktuell hei am Land an dat fir ongeféier 85.000 Waffen, déi hei gehale ginn. Dat esouwuel vu Leit, déi leidenschaftlech Waffe sammelen, wéi och vu Leit, déi Waffe brauchen, fir hirem Hobby kënnen nozegoen. Entweder als Jeeër oder fir d'Sportschéissen. Ma fir alleguerte gëllen déi selwecht Reegelen an dozou gehéiert och, wéi vill Waffen een iwwerhaapt halen däerf.
"Do muss een den Ënnerscheed maachen tëscht engem port d'armes an enger détention d'armes. Bei engem port d'armes - dat heescht jo, dass een d'Waff dierf mat eraus op d'Strooss huelen - do ginn et Limitatiounen. Zum Beispill op e port d'armes kënne maximal 30 Waffen drop kommen a maximal bei sech hu fir op d'Strooss, dierf een der héchstens 6." Bei enger autorisation de détention d'armes, wou een d'Waffen däerf doheem hunn, do ginn et u sech keng Limitatiounen, mee et muss een natierlech dofir suergen, dass d'Bedéngungen, ënnert deenen een d'Waffen doheem wëll versuergen, dann deem och Rechnung droen."
All Kéier, wann ee sech eng nei Waff zouleet, muss een dës dann och op de Waffeschäin androe loossen.
"Dat berout op der sougenannter Obligation de traçabilité déi de Waffeservice huet, dat heescht de Waffeservice, de Justizministère huet d'Obligatioun, fir all eenzel Schosswaff, déi hei am Land ass, kënnen ze traçéieren. Dat heescht, mir musse kënne sécherstellen, dass mir wëssen, wien eng Waff huet oder hat vun deem Moment un, wou se beim Waffenhändler iwwert de Guichet geet, bis dee Moment, wou se zerstéiert gëtt, musse mir kënnen novollzéien, wien déi Waff huet oder hat. Dat erméiglecht eis natierlech, fir d'Waffe wierklech eenzel opzelëschten an all Kéier, wann een eng Waff wëll bäikafen, da muss een dat ufroen an da kënnt déi Waff eenzel opgelëscht op de Juegdschäin, Sportswaffeschäin oder d'Autorisation de détention drop stoen. Déi sinn alleguerten eenzel opgelëscht."
Sollt een decidéieren, eng Waff ze verkafen, da muss een op verschidde Saachen oppassen:
"Eng Méiglechkeet, déi gëtt et, dass een eng Waff ka vu Privat zu Privat ka verkafen. Do ass allerdéngs ganz wichteg - dat steet ausdrécklech am Waffegesetz - de Verkeefer dierf dem Keefer d'Waff nëmmen aushännegen, wann de Keefer de Waffeschäi ka virweisen, wou d'Waff oder d'Waffen drop stinn. Wann de Verkeefer dat net mécht, also dem Keefer d'Waffen einfach esou gëtt, da mécht e sech esouguer strofbar. Dat ass eppes, wat d'Leit solle wëssen. Eng 2. Méiglechkeet ass, wann een e Waffenhändler fënnt, deen dat akzeptéiert, da kann een d'Waffen en dépot-vente ginn, dat heescht, de Waffenhändler verkeeft dann d'Waff am Numm vum Verkeefer."
Oder wann et Waffe sinn, mat deenen een näischt wëll ufänken oder déi och vläicht näischt méi wäert sinn, da kann ee se op deen nächste Police-Büro féieren an do eng déclaration de renonciation ënnerschreiwen an da gëtt een domadder déi Waffen definitiv of.
Esou e Waffeschäin ass fir 5 Joer gülteg a muss dann och ëmmer nees ganz nei ugefrot ginn.