... 83 Joer gëtt zu Berlin an enger Villa um Wannsee iwwer di sougenannten "Endlösung der Judenfrage" debattéiert. Héichrangeg Nazien organiséieren op där Wannseekonferenz den ugefaangenen Holocaust am Detail a koordinéieren di bedeelegt Instanzen.

20/01/2025 Haut virun...

1404 gëtt an enger Urkund vun engem thüringesche Klouschter fir di éischte Kéier eng Grillwurscht erwäänt. Den Thüringer ass laut EU-Direktiv eng op d'mannst 15cm laang, mëttelreng Wurscht mat wierzegem Goût an engem Naturdaarm. Zanter 2004 steet d'Thüringer Rostbratwurst op der europäescher Lëscht fir geschützt geographesch Labelen, an dowéinst dierfe mir zanterhier just nach Grillwurscht, a net méi Thüringer soen.

RTL

© Pixabay

Nom Doud vum George V. gëtt säin eelste Bouf Edward VIII. 1936 Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich vu Groussbritannien an Nordirland. 11 Méint méi spéit trëtt en zréck - engersäits wéinst der Bezéiung zu senger biergerlecher an 2x gescheeter Fra Wallis Simpson, anersäits well en mat Nazidäitschland sympathiséiert. Den Edward VIII. ass deen eenzege brittesche Kinnek, dee net offiziell gekréint gouf.

1937 leet de Franklin D. Roosevelt den Eed of op seng 2. Amtszäit als Präsident vun de Vereenegte Staate vun Amerika. Zanterhier fënnt déi Zeremonie ëmmer um 20. Januar statt, a net méi wéi virdrun jeeweils um 4. Mäerz.

1981 gi no 444 Deeg 52 amerikanesch Diplomaten aus iranescher Gefaangenschaft entlooss. Si waren an der US-Ambassade zu Teheran vun iranesche Studente gekidnappt ginn aus Protest géint d'Opnam vum gestierzte Schah Pahlavi. Op algeresch Vermëttlung hi ginn ë.a. Sanktioune géint den Iran opgehuewen an dem Schah säi Verméigen zréck un d'Land vermëttelt.

1986 ënnerschreiwen di brittesch Premierministesch Margaret Thatcher an de franséische President François Mitterand den definitive Plang vum Eurotunnel ënnert der Manche. Dëse besteet aus 2 Eisebunns- an engem Service-Tüb, déi zesummegerechent eng Längt vun 148km erginn. 8 Joer an 15 Milliarden Euro méi spéit gëtt den Eurotunnel Ufank Mee 1994 ageweit.

1995 gëtt de Jean-Claude Juncker Premierminister vu Lëtzebuerg amplaz vum Jacques Santer, dee President vun der Europäescher Kommissioun gëtt. Di nächsten 18 Joer, bis 2013, wäert de JCJ Premier bleiwen.

95 Joer al gëtt haut den Amerikaner Edwin Aldrin. De Buzz Aldrin ass nom Neil Armstrong den zweete Mënsch deen de Mound betrëtt. Hien ass deen éischten Astronaut mat engem Doktertitel an ee vun de wéinegen, dee virdru net Testpilot war.

58. Gebuertsdag fir den däitsche Komiker, Museker a Moderator Wigald Boning. Zesumme mam Olli Dittrich feiert de Boning an de 1990er Jore grouss Succèsen.

An den USA ass, wéi all drëtte Méindeg am Januar, Martin Luther King Day. A genee op deem Dag muss den Donald Trump vereedegt ginn...

RTL

© Pixabay