De Marco Schank, deen hu mir jo nach als Minister an Député-Maire an Erënnerung hunn, ass awer och e passionéierten Auteur vu Krimi Romaner.

An elo ass e weidert Wierk dobäi komm. “Es lächelt der See” ass dësen iwwerschriwwen, an elo schonn deen 8. An där Serie.
De Christian Schmit huet sech mam Auteur iwwer dat neiste Publikatioun ënnerhal.

18/01/2025 Neie Krimi Roman vum Marco Schank (MAT USO)

Wann aus der Fieder vum Marco Schank e weidere Krimi kënnt, dann ass et och e weidere Fall fir “seng” 2 Personnagen, de Kommissär Robert Mathieu, an d’Ulrike Schäfer vum däitsche Verfassungsschutz.

Wéi entsteet eigentlech d’Iddi fir e Krimi ze schreiwen?

Dat éischt wat ech maachen ass, ech siche mir e Background Sujet. An dësem Fall vun deem neie Roman ass dat de Rietsextremismus déi ëmmer méi zouleeën an Europa an eppes ass wat eis staark besuergt. dat ass dann d'Leit Motiv vum Roman an dann iwwerleeën ech mir do de Plot. An et ass gewéinlech esou dass deem éischten Deel am Ausland spillt, déi Kéier a Schottland, an dann ass awer ëmmer deen zweeten Deel an dëser Regioun, an der Regioun vum Naturpark Uewersauer, do wou de Mathieu jo och wunnt.

An do spillt déi Kéier ganz konkret de Stauséi eng wichteg Roll am Krimi-Roman “Es lächelt der See”.

Wat elo nei ass an dësem Fall, de Mathieu ass an der Pensioun. Ass net méi Kommissär, mee wéi dat dann ass, en ermëttelt virun, e kann et net loossen, wëll e mat enger rietsextremer Band ze dinn huet, dann herno do wou hien wunnt de Showdown ass.

42 Joer war de Marco Schank politesch aktiv. Vill Politiker schreiwen an hirer Pensioun dann un hire Memoiren, hir Biografie. Dat ass hei keen Thema?


Nee ech muss soen dat ass bis ewell nach keen Thema. Ech hunn elo 70 Joer kritt, ech denken eigentlech net drun dat ze maachen. Schreiwe mécht awer nach ëmmer Spaass. Bei eis gëtt elo de Centre Culturel am Abrëll ageweit, an do hunn ech e klengt Theaterstéck geschriwwe fir eis Duerf, eis Gemeng.


D'Handlung an all Roman vum Auteur ass op d'Theme vun der Aktualitéit baséiert, déi Kéier de Rietsextremismus, dat ass him wichteg.


Ech wëll einfach ëmmer och als Politiker ëmmer e Message mat a seng Bicher huelen, dat hunn ech ëmmer gemaach, wëll ech nach wie vor u Politik interesséiert sinn, an da gëtt och eventuell an engem nächste Roman verschafft. 

11 Romaner an 3 Theaterstécker ginn bis elo schonn op de Kont vum Auteur Marco Schank. Elo dann "Es lächelt der See" den 8. Band an der Serie vun de Krimi Romaner. Läit schonn am Bicherbuttek, an ass am Verlag "op der Lay" eraus komm. 

RTL
RTL

242 spannend Säiten, elo ass et un iech fir eraus ze fannen wéi de Krimi Roman "Es Lächelt der See" dann ausgeet.