
© Pixabay
... 22 Joer schwätzt den amerikaneschen Verdeedegungsminister Donald Rumsfeld vum "Alen Europa". Fir vill Leit en ofwäertenden Ausdrock fir déi europäesch Länner, déi net um Irakkrich deelhuele wëllen, oder dësen op d'mannst kritesch gesinn.
Mam Doud vun der Kinngin Victoria geet 1901 a Groussbritannien dat Viktorianescht Zäitalter op en Enn. Si ass 64 Joer um Troun gewiescht - an där Zäit floréieren d'Wirtschaft an di industriell Revolutioun, an um politesche Plang bleift et, anescht wéi an Europa, stabil. Successeur vun der Victoria gëtt hire Jong Edward VII.
Den däitsche Bundeskanzler Konrad Adenauer an de franséische Präsident Charles De Gaulle ënnerschreiwe 1963 zu Paräis de sougenannten Elysée-Vertrag. Dëse Frëndschaftskontrakt nom Zweete Weltkrich soll all wichteg Froen a Saache Bausse-, Sécherheets- a Jugendpolitik tëscht béide Länner assuréieren. International ass awer net jidderee frou mat dem Vertrag, an och net den De Gaulle. Him ass en ze amerikafrëndlech.
Den Elysée-Kontrakt hält awer - 2019 ënnerschreiwen d'Angela Merkel an den Emmanuel Macron, och um 22.Januar, zu Oochen e neien Däitsch-Franséische Frëndschaftsvertrag - och bekannt als Oochener Kontrakt.
Zum Basketball: an der NBA markéiert de Kobe Bryant 2006 fir d'Los Angeles Lakers an engem Match 81 Punkten - bis haut di zweetmeeschten an der Geschicht vun der Liga. De Rekord vun 100 Punkten an engem Match huet nach ëmmer de Wilt Chamberlain.
2008 stierft den Acteur Heath Ledger un enger Iwwerdosis Medikamenter. Den Australier huet grouss Succèse gefeiert mat de Filmer Brokeback Mountain an The Dark Knight. Fir seng Roll vum Joker an deem Batman-Film gëtt de Ledger posthum mam Oscar fir di beschte Nieweroll ausgezeechent.
Erënnert Dir Iech nach u Spice? Net d'Girls, di syntheetesch Drog ass gemengt. 2009 gëtt se an Däitschland verbueden, nodeems eng Rei Leit um Spice-Konsum gestuerwe sinn. Hei zu Lëtzebuerg zéie mir 4 Méint méi spéit no.
65 Joer al gi wier haut de Michael Hutchence. De Frontmann vun der australescher Band INXS stierft 1997 ënner net gekläerten Ëmstänn an engem Hotelszëmmer zu Sydney.