... 306 Joer erhieft de réimesch-däitsche Keeser Karl VI di zwou Grofschafte Vaduz a Schellenberg vum Grof Anton von Liechtenstein zu enger Principautéit mam Numm Liechtenstein. 113 Joer méi spéit gëtt d'Land souverän an onofhängeg.

23/01/2025 Haut virun...

1896 kënnt um 23. Januar op Schlass Bierg d'Charlotte vu Lëtzebuerg op d'Welt. Vu 1919 bis 1964 ass si Groussherzogin vun eisem Grand-Duché.

Op deem selwechten Dag presentéiert de Wilhelm Conrad Röntgen der Physikalesch-Medezinnescher Gesellschaft vu Würzburg déi vun him entdeckten X-Strahlen. Bei der Virféierung gëtt engem Anatomieprofesser seng Hand als Demonstratiounsobjet geholl.

1556 kënnt et zum fataalsten Äerdbiewen an der Geschicht vun der Mënschheet. E Biewen an der chineesescher Provënz Shanxxi fuerdert ronn 830.000 Doudesaffer. Just bei enger Iwwerschwemmungskatastroph 1931 a China solle nach méi Leit ëmkomm sinn.

E brittescht Passagéierschëff setzt 1909 deen éischte Noutruff via Morsezeechen of, nodeems et am Niwwel virun der amerikanescher Ostküst mat engem aner Schëff kollidéiert ass. CQD gëtt gemorst, SOS kënnt méi spéit a Moud. Iwwer d'Bedeitung vun deem CQD Code gëtt bis haut gestridden: Vun "Seek you" (un se all) mam D fir "Distress" (Nout) iwwer "Come Quickly" mam D fir "Drowning" (erdrénken) bis zur franséischer Variant "Sé-Cu" (fir sécurité) mam D fir "détresse" ass alles dobäi. Jiddefalls kënne sou bal all Passagéier gerett ginn éier d'Schëff ënnergeet. U Bord ass anscheinend Gold am Wäert vun honnerte Millioune gewiescht, dat bis haut net gehuewe konnt ginn.

1955 straalt Télé Luxembourg di éischten Tëleesemissioun am Land aus. Am Optrag vun der CLT gëtt ugangs op franséisch gesent, vu 1969 un och op lëtzebuergesch mat der Emissioun "Hei elei, kuck elei".

1972 huet eng orange Maus hiren éischten Tëleesoptrëtt. An de "Lach- und Sachgeschichten" op der ARD daucht se eng éischte Kéier op, a gëtt där Emissioun duerno hire Numm: Sendung mit der Maus.

Feierlech Zeremonie 1986 zu Cleveland am Ohio - di éischt Membere ginn opgeholl an di nei "Rock and Roll Hall of Fame". Geéiert gi Pionéier wéi Chuck Berry, James Brown, Ray Charles, Sam Cooke, Fats Domino, Buddy Holly, Jerry Lee Lewis, Elvis Presley, Little Richard an d'Everly Brothers.

Da schéngt haut e schwaarzen Dag ze si fir d'Konschtwelt. Um 23. Januar stierwe 1944 de norwegesche Moler Edvard Munch, 1986 den däitsche Kënschtler Joseph Beuys, 1989 de spuenesche Surrealist Pablo Picasso an 2004 den däitsche Starfotograf Helmut Newton.

An da feieren d'Amerikaner haut den Dag vun der Handschrëft. Wéini hutt Dir fir d'lescht eppes mat der Hand geschriwwen? E Bréif, eng Kaart, eng Nott... Dësen Dag soll un d'Ausdrocksfähegkeet vun eisen Handschrëften erënneren, déi am digitalen Zäitalter ëmmer méi vergiess gëtt.

RTL

© Pixabay