
© afp
Darts
Nom sensationelle WM-Titel vum 17 Joer ale Luke Littler, start déi Saison am Darts de 16. a 17. Januar mat de Bahrain Masters. De 6. Februar geet zu Belfast an Nordirland déi héich dotéiert Premier League lass. Ufanks Mäerz ass zu Wieze an der Belsch deen éischten Turnéier vun der European Tour, déi am Laf vum Joer och zu München, Leverkusen oder Antwerpen op Besuch ass. Lescht Tickete sinn nach ze kréien. Vum 15. Dezember u lancéiert de Luke Littler am Ally Pally dann d'Missioun WM-Titel-Verdeedegung.
Tennis
Den Ufank vun der Tennissaison gëtt traditionell am australeschen Héichsummer gespillt. Nom United Cup an de Virbereedungsturnéier zu Brisbane oder Auckland, stinn nach bis de 26. Januar d'Australien Open zu Melbourne um Programm.
Aus Lëtzebuerger Siicht gëtt et den 1. an 2. Februar interessant, wann d'FLT-Hären an der Coque Litauen empfänken. D'Ekipp vum Kapitän Gilles Muller spillt dann nämlech ëm den Opstig an d'Weltgrupp 1.
International geet d'Grand Slam-Saison de 25. Mee mat de French Open am Stade Roland Garros zu Paräis weider. Wimbledon fänkt Enn Juni un, d'US Open zu New York ginn Enn August lass.
Am November si fir d'éischt d'WTA Finals zu Riyad a Saudi-Arabien an duerno d'ATP Finals zu Turin an Italien.
Fussball
Den 21. Februar starten d'Lëtzebuerger Rout Léiwinnen hir Nations League Campagne an der Liga C. Déi éischt Géignerinne sinn d'Kasachinnen. De Match gëtt um 19:30 Auer am Stade Émile Mayrisch zu Esch gespillt. Weider Gruppe-Géignerinne si Lichtenstein an Armenien. Am internationalen Damme-Fussball steet vum 2. bis de 27. Juli och nach d'EM an der Schwäiz um Programm.
D'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp vun den Häre spillt am Hierscht d'WM-Qualifikatioun. Den Optakt-Géigner ass Nordirland, de 4. September am Stade de Luxembourg. Duerno waarden op d'Rout Léiwen nach d'Slowakei a mat Däitschland oder Italien eng vun de ganz grousse Futtballnatiounen.
Am nationale Futtball dominéiert bis elo den aktuelle Champion FC Déifferdeng 03. Spéitstens um leschte Spilldag vun der BGL League de 25. Mee steet da fest, ob d'Ekipp vum Trainer Pedro Resende hiren Titel verdeedege kann. Véier Deeg méi spéit gëtt d'Finall vun der Coupe de Luxembourg gespillt.
An den internationale Club-Kompetitioune stinn Enn Mee d'Finalle vun der Europa League zu Bilbao, d'Finall vun der Champions League bei den Dammen zu Lissabon, a vun den Hären zu München um Programm.
De 15. Juni start an den USA dann déi ganz nei Klub-WM mat 32 Ekippen. Aus Däitschland si Bayern München a Borussia Dortmund mat dobäi, soss spillen ënnert anerem nach Inter Miami mam Lionel Messi, Real Madrid, River Plate aus Argentinien oder Benfica Lissabon mam Lëtzebuerger Leandro Barreiro mat.
AutomobilsportDe Weekend vum 23. Januar geet am Automobilsport déi nei Saison vun der World Rally Championship zu Monte-Carlo lass. Mat dobäi ass dann och erëm de Lëtzebuerger Grégoire Munster, hien ass Wierkspilot bei M-Sport. Déi lescht Course vun der Rallye-WM ass Enn November a Saudi-Arabien.
Formel 1 gëtt et erëm vum 16. Mäerz un. Déi nei Saison geet mam Grousse Präis vun Australien um Albert Park Circuit zu Melbourne un. Déi lescht Course vun der Saison gëtt de 7. Dezember zu Abu Dhabi gefuer. Kann de Max Verstappen säi Weltmeeschter-Titel verdeedegen? Wéi schneid de Lewis Hamilton bei Ferrari of? Déi nei Formel 1-Saison gëtt et natierlech live hei op RTL.