... 177 Joer fënnt een Aarbechter no bei San Francisco e Goldnugget. An der Suite sichen Dausenden a Kalifornien hiert Gléck als Goldgriewer. D'Zouwanderung explodéiert a vill Betriber a Schëffer bleiwe verlooss zréck. Awer nëmme wéineg Leit gi räich mam Gold. Dat meeschte Geld maachen di lokal Butteker.

24/01/2025 Haut virun...

1935 hu se all Tester gemaach, do kann eng Brauerei mam Numm Gottfried Krueger Brewery Company hiren éischte Béier an Dousen offëllen. Hire Béchsebéier huet 3,2% Alkoholgehalt, schmaacht gutt, hält sech méi laang a verkeeft sech sou gutt, dass landeswäit aner Marke séier nozéien.

RTL

© Pixabay

1950 decidéiert de Politbüro vun der Sozialistescher Eenheetspartei Däitschland, dass an der DDR e Ministär fir Staatssécherheet forméiert soll ginn. Di sougenannte Stasi ass Geheimdéngscht a Geheimpolice zugläich. Nom Fall vun der Mauer ginn d'Haaptbüroe vun de Bierger besat, nodeems bekannt gouf dass all Iwwerwaachungsakte vernicht solle ginn.

1984 kënnt mam Macintosh 128 den éischten Desktopcomputer vun Apple eraus. Den éischte Mac huet eng graphesch Benotzersurface an eng Maus amplaz vun enger Befeelszeilen-Uewerfläch. De Numm kënnt vun der Äppelzort Macintosh, déi ee vun den Designer gären ësst. Dem Steve Jobs säi Virschlag Bicycle (de Computer ass wéi e Vëlo fir d'Gehier) gëtt fale gelooss.

2008 mellt di franséisch Bank Sociéte Générale, dass se e Verloscht vu knapp 5 Milliarden Euro gemaach huet. Grond si net autoriséiert Futuregeschäfter vun engem eenzele Mataarbechter. Ni huet eng Persoun méi e grousse Schued verursaacht op enger Bank.

RTL

© Pixabay

Dee selwechten Dag geet hei zu Lëtzebuerg mat der Ouverture vum Tunnel Gousseler Bierg d'A7 e Stéck méi wäit. Lo kann ee vu Schieren bis op Luerenzweiler duerchfueren op der Nordstrooss. Den Tunnel ass 2695m laang an en huet 8 Säitegallerien déi sou grouss gebaut sinn, datt Hëllefstruppen, am Fall wou et néideg ass, mat hire Gefierer era fuere kënnen.

RTL

© rtl.lu

84 Joer al gëtt haut de Neil Diamond. Den amerikanesche Museker huet an de 60er an an de 70er Jore seng grouss Zäit, an ass mat 125 Millioune verkaafte Placken ee vun den erfollegräichsten Interpreten op der Welt.

Haut viru 60 Joer stierft de Winston Churchill. De brittesche Staatsmann, Inneminister, Premierminister a Nobelpräisdréier stierft am Alter vu 90 Joer.

1949 kënnt den John Belushi op d'Welt. Den amerikaneschen Acteur a Museker stierft 1982 den Drogendoud, a gëtt weltbekannt an der Roll vum Blues Brother Jake Blues.