... 21 Joer lant no bal 6 Méint di amerikanesch Sond "Opportunity" um Planéit Mars. Knapp 15 Joer laang dauert dem Roboter seng Missioun a leet dobäi gutt 45km zréck, éiert en no engem Sandstuerm net méi funktionéiert.

25/01/2025 Haut virun...

Am Londoner Staddeel Covent Garden mécht 1774 e Coiffeur a Paréckemécher deen éischten Hotel vun der Welt op. Adress: King Street No. 43. Am Géigesaz zu anere Forme vun Herbergerie huet do all Zëmmer eng Daunendecken, en Uewen an eng Bidden déi gehëtzt ka ginn. Den Hotel gëtt et haut net méi, dofir awer nach d'Gebai. Et ass dat eelsten an där Strooss zu London.

RTL

© Pixabay

Mir bleiwen direkt do a feieren 1858 d'Hochzäit vum preisesche Krounprënz Friedrich an der Prinzessin Victoria vu Groussbritannien an Irland, der Duechter vun der Kinnigin Victoria. Op hirem Fest gëtt den Hochzeitsmarsch aus dem Felix Mendelssohn Bartholdy sengem "Sommernachtstraum" gespillt, deen zanterhier zu de populäerste Stécker zielt op Hochzäiten.

Nom Fest hu se hir festlech Kleeder warscheinlech op e Bigel gehaangen. Déi sinn an där Zäit sou lues a Moud komm. 1903 erfënnt een amerikaneschen Aarbechter den einfache Kleederbigel aus Drot. 1904, haut virun 121 Joer, mellt säi Chef déi Variant fir e Patent un a mécht sou e Verméige mat senger Firma. Den einfachen Aarbechter krit... näischt.

RTL

© Pixabay

1924 fänkt zu Chamonix a Frankräich di éischt International Wantersportwoch un. Spéider krit den Event den Titel "I. Olympesch Wanterspiller" zougesprach. Ënnert de 7 verschiddene Sportaarte sinn z.B. Curling an e Virleefer vum haitege Biathlon. 294 Sportler huelen deel un deene Spiller, dorënner just 13 Fraen. Si dierfe just beim Äiskonschtlaf untrieden.

Fir d'Enn vun der Ardennenoffensiv ginn et verschidden Datumer - dacks gëtt de 25. Januar 1945 genannt. Rundstedt-Offensiv, Battle of the Bulge, Unternehmen Wacht am Rhein, d'Schluecht un där ronn 1 Millioun Zaldote bedeelegt waren, huet verschidde Nimm a féiert zu am ganze ronn 30.000 Doudesaffer a 37.000 Vermësster. Fir d'Amerikaner ass et di bluddegste Schluecht vum ganze Krich.

A Rhodesien (haut Simbabwe) kënnt 1978 d'Charlène Wittstock op d'Welt. Si ass 3fach Afrikameeschterin am Schwammen a bestit 2011 den Albert vu Monaco, mat deem si Zwillingen huet. D'Charlène vu Monaco gëtt 47 Joer al.

44.Gebuertsdag haut fir d'Alicia Keys. Di amerikanesch Musekerin huet bis elo gutt 90 Millioune Placke verkaaft a 16 Grammye gewonnen.