Manner Alkohol, manner fëmmen, méi gesond iessen... Esou kléngen d'Virsätz fir dat neit Joer an ee weidere Virsaz kënnt bei ville Leit nach derbäi: Manner Zäit op de soziale Medie verträntelen. Besonnesch op Instagram. Wann awer d'Vakanze-Fotoen an d'Videoe vun de Kolleegen esou schéi sinn, wéi soll dann do en Detox funktionéieren?  

20/01/2025 Just nach Instagram am Kapp?

Michèle Schons?

E Wonnermëttel fir e Social Media Detox gëtt et zwar net, mee et ginn 2 Tricken fir Insta méi effizient ze notzen. Dobäi kann een déi agebauten Tools vun Android oder iOS huelen an an den Astellungen ënner Bildschirmzeit oder Kannersécherung d'Funktioune geziilt aschränken. Wiem dat ze komplizéiert ass, dee geet direkt op d'App, wou een am eegene Profil uewe riets dräi Balken fënnt an direkt an d'Astellunge kënnt. Hei kann een och ënner Zäitmanagement kucke wéi vill Zäit een dës Woch schonn an der App verbruecht huet an zugläich eng Warnung aktivéieren. Ënner "tägliches Zeitlimit" kann een tëscht 15, 30 Minutten, 1 Stonn an 2 Stonnen da wielen - dono kënnt eng Warnung dass d'Zäit ofgelaf ass.

Zweeten Trick ass d'App einfach läschen?

Do dierfte munch Leit sech denken - wann ech den Déngscht guer net méi notze, verplemperen ech och keng Zäit. Dat ass allerdéngs net d'Iddi vum Trick. Amplaz Instagram an der bequeemer App ze bedénge, kann een et och am Webbrowser notzen. Hei sinn dann d'Gesten an d'Scrollen däitlech manner komfortabel. Dobäi kënnt dann nach dass een ouni dat faarwegt App Symbol och manner d'Tendenz huet fir aus Langweil oder aus Gewunnecht einfach drop ze drécke, wann een iwwer den Ecran wëscht. Wann een dann och nach d'Push-Noorichten ausschalt, da weess ee guer net, wat ee potenziell alles verpasse kéint.

Dee Moment brauch een de Virwëtz net ze bremsen, well e guer net op d'Prouf gestallt gëtt.