... 120 Joer gëtt bei Pretoria a Südafrika dee bis haut gréisste Réidiamant fonnt. E weit 3107 Karat - ëmgerechent 621.35gr. Dëse sougenannte Cullinan-Diamant gëtt an 105 Steng gespléckt. Di 9 gréissten dovu sinn Deel vun de brittesche Krounbijouen a leien am Tower of London.

26/01/2025 Haut virun...

An Australien ass haut Nationalfeierdag. Um 26. Januar 1788 kommen di éischt brittesch Schëffer do un fir a) d'Land ze besidelen a b) eng Strofkolonie ze bauen. Nieft 550 Mann Besatzung si 756 Strofgefaangener un Bord vun den 11 Schëffer, déi 10 Méint laang ënnerwee waren. D'Siidlung gëtt nom britteschen Inneminitster benannt: Lord Thomas Sydney.

A Schottland gëtt 1908 déi éischt Scoutegrupp gegrënnt, nodeems de Robert Baden-Powell d'Joer virdrun mat Erfolleg en éischte Camp an England organiséiert hat. Och nach 1908 kënnt säi Léierbuch "Scouting for Boys" eraus. Längst dierfen och Meedercher, Guiden, matmaachen. Weltwäit gëtt et anscheinend nëmme 5 Länner, an deenen et kee Scoutissem gëtt: Andorra, China, Kuba, Laos a Nordkorea.

1924 gëtt di sowjetesch Stad Petrograd a Leningrad ëmbenannt, fir sou dauerhaft de verstuerwene Revolutionär a Staatsgrënner Lenin ze éieren. Nom Zerfall vun der Unioun krit se 1991 hiren urspréngleche Numm Sankt Petersburg zréck, dee se scho viru Petrograd hat. No Moskau ass et mat bal 6 Milliounen Awunner di zweetgréisste Stad a Russland a mam 462m héije Lachta-Tuerm steet do dat héchste Gebai an Europa.

1936 kënnt et zu engem seelene Spektakel. Well et wochelaang extrem kal ass, fréieren d'Niagarafäll zou. Bis haut war dat réischt 10x de Fall. Sollt den aktuellen Erosiounsgrad bäibehale ginn, wäerten di bekannte Waasserfäll iwwregens a ronn 50.000 Joer alles an hirer Ëmgéigend flaachgespullt hunn.

Haut virun 100 Joer kënnt de Paul Newman op d'Welt. Den Acteur an Entrepreneur mat de bekannte bloen Aen zielt joerzéngtelaang zu den erfollegräichste Schauspiller zu Hollywood. De Newman gëtt 10x fir den Oscar nominéiert a gewënnt der 2. Seng aner Passioun ass den Automobilsport a fiert bis an den héijen Alter Course.

"The Great One" ass de Spëtznumm vum Wayne Gretzky. Och wann ee näischt mat Äishockey um Hutt huet - dee Numm ass bekannt. Haut ass dem Gretzky säi 64. Gebuertsdag. De Kanadier spillt 20 Joer laang an den USA a gëtt vu Villen als beschten Äishockeyspiller vun allen Zäite gesinn.

"The Special One" ass de Spëtznumm vum José Mourinho. De portugisesche Futtballtrainer gëtt haut 62 Joer al. An de 4 Länner, an deenen hie bis elo trainéiert huet, konnt en all nationalen Titel gewannen. Vu 6 europäesche Finalle goung just eng verluer.

78 Joer al gëtt de Michel Sardou, franséische Sänger, Komponist a Schauspiller.

70 Joer krit hätt den Eddie Van Halen, hollännesch-US-amerikanesche Rockgittarist

Haut viru 5 Joer bei engem Helikopteraccident gestuerwen ass den amerikanesche Basketspiller an Olympiagewënner Kobe Bryant.