
© Pixabay
... 19 Joer gëtt de Berliner Futtballarbitter Robert Hoyzer zou, dass hie Matcher manipuléiert huet fir Wettbedruch z'erméiglechen. Domat fänken d'Ermëttlungen am Futtball-Wettskandal vun 2005 un. Um Enn muss den Hoyzer an de Prisong an ass op Liewenszäit aus dem däitsche Futtball ausgeschloss.
No 900 Deeg geet 1944 d'Belagerung vu Leningrad op en Enn, wéi di lescht däitsch Zaldoten aus der Stad verdriwwe ginn. Di Blockad huet méi wéi eng Millioun Mënscheliewe gefuerdert - di allermeeschte vun den Affer sinn erhéngert.
1945 gëtt um selwechten Dag d'Konzentratiounslager Auschwitz-Birkenau vun der Rouder Arméi befreit. Eng 7000 Gefaangener waren iwwreg bliwwen, méi wéi eng Millioun Leit goufen ëmbruecht. Zanter 20 Joer ass de 27.Januar den Internationalen Dag vum Gedenken un d'Affer vum Holocaust.
1967 kënnt et bei der NASA wärend engem Test zum Brand an der Apollo 1 Raumkaupsel an di 3 Astronaute stierwen. An der Suite gëtt de ganze Moundlandeprogramm iwwerschafft a réischt 20 Méint méi spéit flitt di verbessert Generatioun vum Apollo-Raumschëff an de Weltall.
Dee selwechten Dag schléissen d'USA, Groussbritannien an d'Sowjetunioun e Kontrakt iwwer d'Grondsätz zur Reegelung vun Aktivitéiten bei der Erfuerschung a Notzung vum Weltraum, inclus de Mound an aner Himmelskierperen. Kuerz: de Weltraumvertrag vun de Vereente Natiounen, deen entretemps vu méi wéi 100 Länner ratifizéiert ginn ass.
1973 ënnerschreiwen d'USA, Nord- a Südvietnam de Kontrakt vu Paräis, duerch deen den Dag duerno e Waffestëllstand am Vietnamkrich a Kraaft trieden, an deen den amerikanesche Réckzoch reegele soll. Hiren Ausseminister Henry Kissinger krit an der Suite dofir de Friddensnobelpräis. De Konflikt tëscht Nord a Süd gëtt awer nach 2 Joer laang weidergefouert.
Groussen Dag an der klassescher Musek: Zu Salzburg kënnt 1756 de Mozart op d'Welt. 1901 stierft den italieenesche Komponist Giuseppe Verdi.
1983 ass et den Doud vum Louis de Funès. De Jong vu spueneschen Awanderer ass viru senger Karriär beim Film e gefroten Jazzpianist.
2018 stierft ee vun de räichste Männer vun der Welt. Den Ingvar Kamprad gëtt 92 Joer al. De schweedeschen Ingenieur ass de Grënner vum Miwwelimperium IKEA.