Dass Kazen propper Déieren sinn, a sech quasi de léiwe laangen Dag botzen ass nëmmen normal, d'RTL Déierendoktesch Romi Roth huet awer e Fall an der Praxis gehat wou dat iwwer dat normaalt goung an um Ufank och fir vill Kappzerbrieches gesuergt huet.

D´Lily, war guer net gutt drop. Zanter Deeg huet déi och soss e bësse nervös eeler Kaz sech an engem Stéck gebotzt an dobäi pitschweis Buuschten ausgerappt. Déi meescht dovun louchen uechtert d´Haus verstreet, mee eng yet dovun hat et och ofgeschléckt, an dowéinst huet et sech ëmmer huet missen iwwerginn. Seng Leit hat dem alen Déier säi Réck am Verdacht. Wat wierklech hätt kënne sinn, well Kazen op d´mannst esouvill Rheuma- an Arthrospéng wéi Muppen oder och Leit kënne kréien.

Romi Roth - Problemer mam Streesalz - Aufgab

Mat enger Röntgen war awer ze gesinn, dass d´Ursaach vun der Patientin hirem Botzfimmel näischt direkt mam Réck ze dinn hat. D´Lily hat awer eng ganz déck, rout geschwollen Zong mat un der Spëtzt ville klengen wäisse Knippercher dran. 

D´Diagnos war eng Glossitis, eng ganz schwéier Entzündung vun hirer Zong. Déi wäiss Déngelcher ware scho Kallekoflagerungen. Hier Meeschtesch wosst och wouhier: d´Lily hat sech virun der ganzer Hoerplëmmerei immens laang un de Patte geleckt hat, nodeems si iwwert den Trottoir getigert war, op deem ganz vill Streesalz louch..Mat enger Behandlung géint d´Entzündung an de Wéi an engem ganz mëllen héich kaloresche Fudder war d´Glossitis bannent dräi Woche fort an d´Lily huet seng Fliichten just nach gebotzt wann et huet misse sinn.

Romi Roth - Problemer mam Streesalz - Léisung