... 137 Joer fänkt dem Gustave Eiffel seng Firma un mam Bau vum Eiffeltuerm zu Paräis. Bis zur Ouverture vun der Weltausstellung 2 Joer méi spéit gëtt en fäerdeggestallt. Den Tuerm aus Stol weit 10.000 Tonnen an ass bis elo 20x an ënnerschiddleche Faarftéin nei lackéiert ginn.

28/01/2025 Haut virun...

1855 fiert deen éischten Zuch op der neier Streck tëscht Colón a Panama-Stad. A Panama ass et di éischte Kéier, dass en Zuch 2 Weltmierer matenee verbënnt. Op där enger Säit de Pazifik, op där anerer den Atlantik.

1878 gëtt zu New Haven am Conneticut déi éischten Telefonskabinn opgestallt. Fir di Jonk: dat war eng ëffentlech Kabinn an där en Telefon houng, do huet een eng Mënz ragehäit an da konnt een uruffen. Haut huet jiddereen en Handy. Di lescht Telefonskabinnen hei zu Lëtzebuerg goufe viru 4 Joer ofgebaut.

RTL

© Pixabay

1935 sinn d'Islänner déi éischt, déi e Gesetz iwwer d'Ënnerbriechung vun enger Schwangerschaft beschléissen. Sou ass weltwäit fir di éischte Kéier en Avortement ënner bestëmmten Ëmstänn erlaabt.

RTL

© Pixabay

Mir bleiwen a Skandinavien. 1958 mellt di dänesch Firma Lego hire Legosteen an der haiteger Form fir d'Patent un. De gréisste Lego-Set bis elo ass eng Weltkaart mat 11.695 där Stécker. An, Lego ass mat méi 730 Milliounen Exemplairen de weltwäit gréisste Pneueproduzent.

Di amerikanesch Raumfär Challenger explodéiert 1986 kuerz nom Depart. En technesche Problem ass Schold um Doud vu 7 Astronauten. Et ass bis dohin de schwéiersten Accident an der amerikanescher Raumfaartgeschicht. Wärend méi wéi 2 Joer gëtt de Space Shuttle duerno an 2000 Punkte verbessert.

1987 fuerdert de Michail Gorbatschow an enger Ried um Plenum vum sowjeteschen Zentralcomité Reformen an hirer Politik. Fir di éischte Kéier falen d'Wieder Glasnost a Perestroika. Glasnost steet fir Oppenheet an Transparenz, Perestroika bedeit souvill wéi d'Demokratiséierung vum Staat.

70 Joer al gëtt haut de Nicolas Sarkozy. De franséische Politiker, dee mam Carla Bruni bestuet ass, war vun 2007 bis 2012 franséische Staatspresident.

47 Joer krit haut den Gianluigi "Gigi" Buffon. Den italieenesche Golkipp war 28 Joer laang Profi, ass 2006 Weltmeeschter ginn an 10x Champion am eegene Land. De Buffon hält d'Rekorder fir di meeschte Matcher mat 657 Partien an der Serie A a mat 176 Asätz an der Nationalequipe.

Haut ass den europäeschen Dag vum Dateschutz. Denkt drun net direkt op all Klengegkeet ze klicken - et kéint grousse Schued entstoen.

RTL

© Pixabay

Haut ass de Karls-Dag - 814 stierft zu Oochen de Karl de Groussen.