
© RTL
Zanter méi wéi 20 Joer bezuele mir hei am Land scho mam Euro. An nach ëmmer si Lëtzebuerger Frangen am Ëmlaf. Wéi vill dat sinn, wat een nach domadder ufänke kann an ob et Sënn mécht déi weiderhin ze versuergen, gitt Dir elo direkt gewuer.
Bei eisen däitschen Noperen goufe lescht Joer nach gutt 53 Milliounen D-Mark bei der Bundesbank ëmgetosch. Bei der Lëtzebuerger Zentralbank waren et ëmgerechent e bëssi méi wéi 23 600 € déi gewiesselt goufen, dovunner méi wéi 600 1000er Schäiner. Ma et sinn awer nach eng Jett méi am Ëmlaf. Patrice Bernabei vun der Lëtzebuerger Zentralbank:
"Den 31. Dezember 2024 waren nach am Ëmlaf hei am Land a weltwäit fir de 5000er Schäin eppes méi wéi 10000 Billjeeën, fir den 1000er eppes méi wéi 66000 Billjeeën a fir den 100er eppes méi wéi 786000 Billjeeën."
Am Ganze waren Enn Dezember lescht Joer deemno nach Billjeeën vun enger Valeur vu méi wéi 4,8 Milliounen Euro am Ëmlaf. Et ginn dann och nach weiderhi Schäiner ëmgetosch, wann och logescherweis manner wéi nach am Ufank.
"Dat war awer de Fall notamment am Ufank vum cash change over wou dann effektiv d'Leit alles dat wat se nach u Lëtzebuerger Frangen haten, matbruecht hunn. Awer et ass natierlech net ausgeschloss, dass nach hautdesdaags e puer Leit kommen mat gréisser Zommen déi se an Ierfschafte fonnt hunn."
Dozou sief awer gesot, dass et wéinst dem Risque vum Blanchiment esou ass, dass een noweise muss, dass een effektiv rechtlechen Ierwen ass. Dir hutt et verstanen, et kann een deemno och haut, 23 Joer no der Aféierung vum Euro, nach ëmmer Lëtzebuerger Frang ëmtauschen.
"Déi kënnt Dir nach ëmmer bei eis ëmtauschen op der Zentralbank op 43, avenue Monterey an dat vu Méindes bis Freides vun 10:30 Auer bis 16 Auer."
Allerdéngs gëtt net méi all Billjee ugeholl:
"Prinzipiell huele mir nëmmen nach déi Schäiner wou drop steet "Institut Monétaire Luxembourgeois". A fir de Leit d'Liewe méi einfach ze maachen: Bei eis um Site vun der Zentralbank hu mir och Biller vun deenen 3 Denominatiounen déi mir nach zréckhuelen."
An dat nach ëmmer zu deem selwechte Wiesselcours dee bei der Aféierung vum Euro festgehale gouf. Mënz ginn allerdéngs schonn eng Rei Joren net méi akzeptéiert.
"Zanter dem 31. Dezember 2004 kënnen déi net méi ëmgetosch ginn. Dat ass u sech verluerent Geld."
Et sief dann et sammelt ee se respektiv et fënnt een e Sammler fir deem déi ze verkafen.
Sollt Dir deemno nach Lëtzebuerger Frang Schäiner doheem leien hunn, da kënnt Dir déi wéi gesot nach ëmmer bei der Zentralbank wiesselen. Bis elo gouf och nach net decidéiert, dass dat iergendwann net méi sollt méiglech sinn. Wat allerdéngs net heesche soll, dass net awer vläicht eng Kéier Schluss kéint sinn.
Hei fannt Dir déi verschidde LUF Schäiner déi nach vun der Zentralbank ugeholl ginn.
https://www.bcl.lu/fr/Billets-et-pieces/billets_pieces/car_francslux/billets/index.html