Op dëser Plaz schwätzen mir jo dacks iwwer d'Risiken vun Comportementer a Gewunnechten déi eis Pleséier bréngen, awer negativ Auswierkungen op eis Gesondheet hunn. Zum Beispill heescht et ëmmer Fritten, Pizza, ultraverschafften Industriefood, Zoossiss, Wurscht, Alkohol oder fëmmen wieren net gutt fir eis. Den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare iwwerrascht eis haut mat enger Manie déi der vill vun eis hunn.

Haut geet et emol ëm eppes dat iwwer 1 Mia Mënschen Dag fir Dag eranzéien, wat den Nitric Oxid also NO an eisem Blutt erop setzt, domadder d'Oderen liicht méi wäit mécht. Déi psychoaktiv Substanz mécht och méi waakreg. Mir schwätzen vum Kaffi. Vill vun eise léifste Gewunnechten sinn net gutt fir eis Gesondheet, mee et gëtt 4 Ausnamen. Schlofen, sech beweegen, Sex a Kaffi.

Dr Marc Keipes - positiv Sucht - Etüd

Elo gëtt et eng nei Publikatioun déi behaapt, dass Kaffi eng Reduktioun vum relativen Risk vun Häerzkreeslaferkrankungen mécht, an zwar ëm 15%.

Dat ganzt ass eng platt U-Kurv oder J- Kurv. Am Verglach zu ni Kaffi oder schwaarzen Téi, huet een mat 3-6 Tasen Kaffi pro Dag, also ongeféier 250-500 mg Koffein eng Verbesserung vum schlechten Cholesterol, eng Reduktioun vun Histidim, dat ass eng Aminosäier déi och den Häerzkreeslafrisiko eropsetzt. Wéi sou dacks leit d'Gefor awer an der Dosis. Méi wéi dat doten, sinn am Fong geholl da verbonne mat enger Verschlechterung vun dëse Wäerter. Also e bësschen Téi oder Kaffi pro Dag da bleift dir gesond.

Dr Marc Keipes - positiv Sucht - Explikatioun