Laut amerikanescher Etüd hu Mënschen déi dacks Emojie benotzen, eng gréisser emotional Intelligenz. Emojie sinn eng Méiglechkeet fir Contenuen ze vermëttelen a méi effektiv ze kommunizéieren. D'Aart a Weis, wéi mir se asetzen, verréit also eppes iwwert eis Persoun. Mat de neien Emojie vum Joer kënnt Dir Iech nach besser matdeelen.

21/01/2025 En diere Bam

92% vun der Weltpopulatioun benotzen Emojien an hirer deeglecher Kommunikatioun. Quasi keng Mail, SMS, Kommentar oder soss Noriicht ouni eent vun deene gutt 3600 faarwege Biller fir Iddien, Gefiller, Meenungen, Kulturen etc. auszedrécken.

De sougenannte Unicode-Konsortium setzt den internationale Standard fir Zeechecodéierung - Deel vun där Codéierung sinn d'Emojien. Fréier goufen se einfach Smiley genannt. Leschten Hierscht waren di neiste Symboler scho presentéiert ginn, lo am Fréijoer komme se an Ëmlaf. Woubäi Unicode kee geneeën Datum nennt. 

Vläicht dee wichtegste neien Emoji ass en diere Bam. Dëse soll op de Klimawandel opmierksam maachen, an dass d'Periode vun extreemer Dréchent ëmmer méi laang ginn.

Nieft dem diere Bam sinn och nei:
E Gesiicht mat Tréinesäck
Eng Harf
Eng Schëpp
E Faarffleck
E Fangerofdrock
Eng rout Rommel
De Fändel vun der Sark Insel südlech vun England

Wéi vill Sënn oder Onsënn déi lo maachen, läit an Ärer subjektiver Meenung. Hätt Dir eng besser Iddi fir en Emoji, da kënnt Dir déi deem Konsortium virschloen a matdeelen. Wéi eng Proposen duerchkommen, decidéiert e Jury. Logoen oder bestëmmt Persoune sinn iwwregens net zougelooss.

Refuséiert goufen an der Vergaangenheet Emojie fir Lasagne, fir E-Zigaretten, fir Pickelen a fir Tamponen. Am Laf vum Joer wäerte nach e Gesiicht mat Fëschaen, en Äppelbatz an eng horeg Kreatur à la Yeti dobäi kommen.

A wien es einfach net genuch ka kréie vun deene sëllege faarwege Symboler, dee kann op der Internetsäit vu Unicode souguer en Emoji adoptéieren.

Hei de Link:

Hei all d'Erklärungen zu de verschiddenen Emojien:

Hei eng Videozesummefaassung vun de neien Emojien: