
© Pixabay
... 139 Joer freet de Carl Benz e Patent u fir säi vun him erfonnte Motorwagen. Méi spéit am Joer fiert en mat sengem dräiriederege Gefier di éischt Tester. Dëse Won gëllt als éischten Automobil vun der Welt a setzt domat d'Gebuertsstonn fir Autoe mat Verbrennungsmotor.
Och e Patent froe 1929 di Vereenegt Pabeierwierker vu Nürnberg un. Si loosse sech de Numm fir hiert Pabeiernuesschnappech schützen: Tempo. 4 Joer méi spéit ginn di jiddesch Proprietäre vun der Fabrick vun de Nazien enteegent, mussen an England flüchten a kréien hiert Wierk nom Krich net méi zréck.

Vum US-President Harry Truman gëtt 1946 de C.I.A. gegrënnt. D'Central Intelligence Agency ersetzt dem Roosevelt säin O.S.S. (Office of Strategic Services), deen am Zweete Weltkrich forméiert gi war. De C.I.A. dierf op Weisung vum jeeweilege Präsident verdeckten Operatiounen, politeschen a militäreschen Afloss am Ausland bedreiwen.
1979 schéisst dat 16 Joer jonkt Brenda Spencer zu San Diego aus der Fënster vun hirem Elterenhaus op d'Schoul déi géintiwwer läit. 2 Persoune stierwen, 9 weiderer gi blesséiert. Op d'Fro firwat si dat gemaach huet, äntwert d'Spencer: I don't like Mondays. De Bob Geldof ass an engem Radiosinterview, krit do di Nouvelle mat a schreift doraus de gréissten Hit vu senger Band "The Boomtown Rats".
1998 gëtt de Kontrakt finaliséiert iwwert de Bau vun der internationaler Raumstatioun ISS. 16 Staaten a 5 Raumfaartagence bedreiwen an entwéckelen dëse gréisste mënschegemaachten Objet am Weltraum weider. Si kreest a ronn 400km Héicht ca. all 93 Minutten ëm d'Äerd an ass zanter November 2000 permanent bewunnt.
2002 ass et dem George Bush seng éischte Ried zur Lag vun der Natioun no den Uschléi vum 11. September. Den US-President schwätzt vun der axis of evel (Achs vum Béisen) zu där en Nordkorea, Iran an Irak zielt, well déi anscheinend Terroristen ënnerstëtzen a Massevernichtungswaffen entwéckelen.
De Formel 1 Weltmeeschter vu 1979 gëtt haut 75 Joer al. De Südafrikaner Jody Scheckter huet no senger aktiver Karriär Sécherheetsleit trainéiert a leet entretemps an England eng Farm fir organesch a biodynamesch Produiten.
80 Joer al gëtt haut den Tom Selleck. Den amerikaneschen Acteur ass weltbekannt ginn an der Roll vum Privatdetektiv "Thomas Magnum". Och am Kino an als Produzent ass de Mann mam décke Schnutz erfollegräich. Donieft bedreift hien a Südkalifornien eng Avocado-Farm.
Haut ass den internationalen Dag vum Puzzle. Virun 30 Joer gouf deen agefouert, dat éischte bekannte Puzzle ass vu 1766 aus England.

© Pixabay
An haut ass den Dag vum Blannenhond.