guichet.lu ass eng online Plattform déi op enger an där selwechter Plaz eng helle Wull un administrative Informatiounen zur Verfügung stellt. Nieft guichet.lu gëtt et awer och myguichet.lu déi et engem erlaabt divers Demarchen ganz einfach online ofzewéckelen. A fir dass dat alles sou gutt a reiwungslos fonctionéiert, brauch et natierlech Manpower. Eis RTL Reporterin Nicky Soisson wollt wësse wéi d'Aarbecht hannert myguichet.lu sou ausgesäit a war bis bei de Centre des technologies de l'information de l'Etat, kuerz CTIE, op d'Kalchesbréck luussen.

27/01/2025 RTL Reporter: Wie stécht hannert guichet.lu