... 178 Joer gëtt di kalifornesch Siedlung Yerba Buena am Gedenken un den Hellege Franz vun Assisi a San Francisco ëmbenannt. Haut ass et eng mëttelgrouss Weltstad mat ronn 800.000 Awunner.

30/01/2025 Haut virun...

An 80 Deeg ronderëm d'Welt geet et am Jules Verne sengem Kult-Roman. 1873 kënnt säi weltbekannte Wierk eng éischte Kéier eraus. An ënnerschiddlechste Formen ass zanterhier d'Geschicht vum Phileas Fogg interpretéiert ginn: als Theaterstéck, als Musical, am Kino, op der Tëlee, als Comic oder als Computerspill. Iwwregens ass de Britt Mark Beaumont virun 8 Joer an 78 Deeg ëm d'Welt gefuer um Vëlo.

Bleiwe mir direkt um Drotiesel. Den engleschen Erfinder John Kemp Starley krit 1885 e Patent op säi Modell vum sougenannte Sécherheetsvëlo. Et gëtt dat éischt mechanescht Individualverkéiersmëttel, an op dësem Typ baséiert nach haut all moderne Vëlosmodell. D'Wuert "vélo" ass iwwregens d'Ofkierzung vu "Vélocipède" (séiere Fouss), aus dem Laténgeschen ofgeleet "velos" fir séier a "pes" fir Fouss.

RTL

© Pixabay

1933 ernennt den däitsche Reichspräsident Paul von Hindenburg den Adolf Hitler zum Reichskanzler. Anescht wéi ugeholl kann dëse seng Muecht an de nächste Méint ausbauen a een totalitäre Regimm etabléieren. Et ass dat faktescht Enn vun der Weimarer Republik.

1945 gëtt op der Ostséi dat däitscht Passagéierschëff Wilhelm Gustloff vun engem sowjeteschen U-Boot versenkt. U Bord si ronn 10.000 Leit, di meescht si Flüchtlingen. Nëmme ronn 1200 iwwerliewen - bis haut ass et di gréisste Katastroph an der Geschicht vun der Séifaart.

Um vietnamesesche Neijoerschfest starten 1968 nordvietnamesesch a Vietcong-Eenheeten eng Attack op dat amerikanescht Militär, dat kal erwëscht gëtt. Des sougenannten Tet-Offensive 1968 leet de militäreschen Zesummebroch vun den USA a Vietnam an.

1969 spillen d'Beatles hire leschte Concert. Dofir gi se op den Daach vun hirem Tounstudio zu London a spillen an der Mëttesstonn ouni Ukënnegung drop lass. Et dauert net laang, an d'Police muss intervenéiere wéinst dem grousse Mënschenoplaf. Zum vun de Beatles erhofften Ofbroch vun der Aktioun kënnt et awer net.

Um sougenannte Bluttsonndeg gi 1972 am nordireschen Derry op d'mannst 14 proiresch Demonstrante vu britteschen Zaldoten erschoss. An der Suite eskaléiert de Nordirlandkonflikt, an d'Dot gëtt ë.a. vu U2 an hirem Lidd Sunday Bloody Sunday opgegraff.

95 Joer al gëtt den amerikaneschen Acteur Gene Hackman. De sougenannte Charakter-Duersteller gewënnt a senger laanger Karriär 2x den Oscar a 4x e Golden Globe.

57. Gebuertsdag fir de spuenesche Kinnek Felipe VI.