
© Pixabay
... 5 Joer trëtt d'Vereenegt Kinnekräich aus der Europäescher Unioun aus, nodeems dat brittescht Parlament an d'EU-Parlament deem Ofkommes zougestëmmt hunn. Bis Enn vum Joer bleiwen d'Britten awer trotz Brexit Deel vum EU-Bannemaart a vun der Zollunioun.
1968 deklaréiert Nauru sech onofhängeg vun Australien. Nauru ass en Inselstaat am Pazifik, der Surface no deen drëttkléngsten op der Welt an di klengste Republik op eisem Planéit. Si feieren haut Nationalfeierdag.
E sportlechen Exploit féiert eis a Skandinavien. 1892 ass et um Holmenkollen bei Oslo di éischte Kompetitioun am Schisprangen. De Norweger Arne Ustvedt gewënnt mat engem Saz vun 21.5m.
1895 entdecken e schotteschen an en englesche Physiker e neit chemescht Element, dat Argon genannt gëtt. Ee vun hinne fuerscht weider an entdeckt 3 Joer méi spéit an deem isoléierten Argon dräi weider Elementer, d'Edelgaser Neon, Krypton a Xenon.
1946 krit di Federativ Volleksrepublik Jugoslawien eng Verfassung als Bundesstaat mat de 6 Deelrepubliken Slowenien, Kroatien, Bosnien an Herzegowina, Montenegro, Serbien a Mazedonien. 1963 gëtt doraus di Sozialistesch Federativ Republik Jugoslawien, déi bis 1992 hale wäert.
1953 sinn et stiermesch Iwwerschwemmungen, déi wäit Deeler vun Holland ënner Waasser setzen. Och an der Belsch, a Frankräich, Dänemark an England entsteet vill Schued - ronn 2400 Leit kommen ëm d'Liewen.
1961 ass den Ham den éischten Amerikaner deen an de Weltall flitt. De 5 Joer ale Schimpans Ham gëtt an enger suborbitaler Missioun mat enger Mercury Rakéit op 253km Héicht geschoss, verbréngt ronn 6 Minutten am Weltraum a lant wéineg méi spéit ouni Problemer am Atlantik.
1980 stierft den Amerikaner James Cleveland Jesse Owens. Mat 4 Goldmedailen ass de faarwege Liichtathlet 1936 de Star op den Olympesche Summerspiller vu Berlin. Säi Spëtznumm Jesse krut en vun enger Léierin, déi hie falsch verstanen hat wéi hie sot, hie géif J.C. genannt ginn.
An dann ass haut nach den Hannerzeg-Dag. Do kënnt Dir kreativ ginn. Hannerzeg d'Trap erop goen, hannerzeg liesen, hannerzeg schreiwen, hannerzeg undoen oder ausdoen... Vum Hannerzeg-Iesse rode mir dogéint of...

© Pixabay