
© Pixabay
... 59 Joer landen d'Russen als Éischt um Mound. Der sowjetescher Sond Luna 9 geléngt dëse wichtegen Exploit am Kale Krich. 3 Deeg laang moosst si d'Stralung um Mound a schéckt Panoramabiller op d'Äerd, éiert hir Batterië platt sinn. Gutt 3 Joer méi spéit schécken d'Amerikaner den éischte Mënsch op de Mound.
1830 gi sech Groussbritannien, Frankräich a Russland driwwer eens, dass Griicheland en eegestännegt Land gëtt, dat vun elo un onofhängeg bleift vum Osmanesche Räich. Éischte griichesche Kinnek gëtt dem bayresche Kinnek Ludwig I. säi mannerjärege Bouf Otto I.
1958 ënnerschreiwen Holland, d'Belsch a Lëtzebuerg de Benelux-Vertrag. D'Wirtschaftsunioun, déi de fräien Handel tëscht deenen 3 Länner garantéiert, trëtt 2 Joer méi spéit a Kraaft. 2004 gëtt e neie Kontrakt ënnerschriwwe mat neie Moossname géint d'Kriminalitéit bannent dëse Grenzen.
1959 ass den 3. Februar den Dag, op deem d'Musek stierft. Di dräi amerikanesch Rock n' Roller Buddy Holly, Ritchie Valens a Big Bopper huele nach an der Nuecht no engem Optrëtt am Mëttlere Westen e Fliger, well et an hirem Tourbus ze kal ass a si net duerch e Schnéistuerm fuere wëllen. De Fliger fält kuerz nom Depart erof, keen iwwerlieft. Den Don McLean beschreift deen Dag spéider a sengem Lidd "American Pie" als the day the music died.
1972 gëtt de japanesche Keeser Hirohito de Startschoss fir d'Olympesch Wanterspiller zu Sapporo. Et ass di éischte Kéier, dass d'Wanterolympiad baussent Europa oder Nordamerika organiséiert gëtt. Si sollte scho 1940 zu Sapporo sinn, konnten awer wéinst dem Krich am Pazifik net duerchgefouert ginn. A 35 Disziplinnen trieden 1008 Sportler un - di erfollegräichsten Equipe ass um Enn di sowjetesch.
1969 gëtt de Jassir Arafat zum Virsëtzende vun der Palestinensescher Befreiungsorganisatioun PLO gewielt. De Matbegrënner a spéidere Leader vun der terroristescher Fatah Beweegung ass eng streitbar Persoun. Fir di eng e Fräiheetskämpfer, fir di aner en Terrorist. Den Arafat krit 1994 fir seng Friddensverhandlunge mat Israel de Friddensnobelpräis iwwerreecht.
1999 feiert a Frankräich den éischten Asterixfilm mat richtegen Acteure Première. Gérard Dépardieu, Roberto Benigni a Laetitia Casta spillen ë.a. mat bei Astérix et Obélix contre César. D'Iddi, déi bekannte Comicken an e reelle Film ëmzesetzen, haten anscheinend scho Leit wéi Claude Lelouch a Louis de Funès. D'Musek fir de Film komponéiert de Jean-Jacques Goldman.
Haut ass den Dag vun der männlecher Kierperhygiène - net just haut, Männer...

© Pixabay