
© CSEE
De Centre socio-éducativ de l'État schafft un enger wichteger, awer och erausfuerderender Aufgab an eiser Gesellschaft: Jonke Mënschen a schwéiere Liewenslagen eng Zukunftsperspektive bidden. Op Dräibuer komme jonk Leit, déi zäitweis oder och dauerhaft net méi an hirem Elterenhaus liewe kënnen, déi dacks mat villschichtege Problemer a Krisesituatioune konfrontéiert sinn. Op Instruktioun vum Jugendgeriicht, begleet den CSEE déi jonk Mënschen an enger Iwwergangszäit déi vu Bréch, Onsécherheet, awer och vu Chance markéiert ass, Michèle Schons?
Den CSEE ass méi wéi just en Daach iwwert dem Kapp, et ass eng Plaz, déi engem Jonke Stabilitéit gëtt, se fërdert an hinnen och ze verstoe gëtt, dass hir Situatioun keen Endpunkt, ma en Ausgangspunkt, fir eng nei Liewensperspektive ka sinn. Mat enger breeder Palette u Mesuren, vun offene Wunngruppen, iwwer Projeten déi op e Beruff virbereeden, bis zu intensiver Eenzefall-Hëllef, gëtt et hei Ënnerstëtzung déi wäit iwwer déi klassesch Betreiung erausgeet. D'Aarbecht ass speziell, well déi Jonk net fräiwëlleg heihinner kommen, ma aus der Nout eraus. Ma genee hei setzt den CSEE un: E schaaft Raum fir Entwécklung, Wuesstem an de Glawen un dat eegent Potenzial, och a schwéiere Momenter.
Lauschtert de ganzen Interview:

© CSEE

© CSEE

© Joëlle Ludewig / Ralph Schroeder