
© Pixabay
... 198 Joer ginn zu London di éischt Stadpläng vun der brittescher Haaptstad verkaaft. Google Maps war deemools nach net sou gutt. Fir sech géint onerlaabt Reproduktiounen ze schützen, zeechne Kaarteproduzenten haut dacks sougenannten "Trap Streets" an - Stroossen déi et guer net gëtt.
1879 gëtt d'Marseillaise zum franséische Nationalgesang deklaréiert. Si war dat scho knapp 100 Joer méi fréi, war duerno awer bal 80 Joer laang verbuede ginn. Zanter 146 Joer ass et dann elo just nach d'Marseillaise déi eise Noperen hir Nationalhymn ass.
1887 keeft ee gewëssen Harvey Wilcox e gréisseren Terrain no bei Los Angeles, fir doraus Bauplazen ze maachen. Op Ureegung vu senger Fra nennt en dat Land Hollywood, well eng Bekannte vun hir am Illinois eng Demeure mat deem Numm huet an hir dee Numm sou gutt gefält. An der Suite entsteet doraus den Epizentrum vum Filmbusiness.
Zu Turin gëtt 1896 dem Giacomo Puccini seng Oper La Bohème uropgefouert. De Publikum an d'Kritiker si net schrecklech begeeschtert. Haut gëllt des 4. vu sengen am Ganzen 12 Operen als säi Meeschterwierk.
Haut virun 105 Joer gëtt di nei kanadesch Gendarmerie gegrënnt. Des Royal Canadian Mounted Police ass am ganze Land zoustänneg an ass virun allem bekannt fir hir charakteristesch Paradenuniform mam roude Paltong a mam breede brongen Hutt. Am Volleksmond gi se "Mounties" genannt.
1972 kënnt dee leschte japaneschen Zaldot aus dem Zweete Weltkrich heem. Hie war deemools virun den Amerikaner an den Dschungel vu Guam geflücht, an hat sech do 28 Joer laang verstoppt. Hien hat net matkrit wéi de Krich op en Enn goung.
Haut viru 25 Joer gëtt a Frankräich d'35-Stonne-Woch agefouert. Fir d'éischt fir Entreprise mat méi wéi 20 Salariéen, 2002 fir all di aner. An de Joren duerno gëtt se System puermol adaptéiert. Entretemps handele Betriber länger Aarbechtszäiten aus mat hiren Employéen, sou dass et di 35 Stonne meeschtens just nach um Pabeier gëtt.
Wéi de Space Shuttle Columbia 2003 iwwer Texas rëm an d'Äerdatmosphär antrëtt, brécht dësen auserneen an di 7 Astronauten u Bord kommen ëm d'Liewen. De Schutzschëld vum Shuttle war beim Depart beschiedegt ginn. 2 Joer méi spéit ginn d'Weltraumvollen rëm opgeholl, éiert d'Ära vum Space Shuttle 2011 op en Enn geet.