
© https://www.egalitesport.lu/
De 24. Januar ass den Internationalen Dag vun de Fraen am Sport an et ass fir déi 2. Kéier, datt zu Lëtzebuerg dësen Dag méi an d'Vitrinn gestallt gëtt, dëst op d'Initiative vum ''Collectif Egalité femmes-hommes dans le sport''. Dëse Kollektiv koum zustanen duerch verschidde Lëtzebuerger Gemengen, dem Conseil National des Femmes du Luxembourg an dem ADT-Center, e Cabinet fir Consultance.
De Conseil supérieur de l'audiovisuelle a Frankräich hat zesumme mam Olympesche Comité dësen Dag an d'Liewe geruff, well se gesinn hunn, datt de Fraesport an de Medie vill manner present war wéi de Sport vun de Männer. A ville Frankophone Länner ass een dunn nogezunn, wéi an der Belsch, Kanada oder an der Schwäiz a virun engem Joer ass den Dag dunn och eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg ''gefeiert'' ginn an dëst Joer ass e scho méi grouss, Joëlle Letsch vum ADT-Center an dem Nationale Fraerot.
An dëst Joer si mer immens frou, well mir hunn elo 14 Gemengen, déi dëst Joer matmaachen, et sinn der also nach e puer bäikomm par Rapport zum leschte Joer an ech mengen, esou kënne mer dann och wierklech eppes bougéieren a méi Egalitéit an de Sport kréien.
Natierlech gëtt scho vill fir de Fraesport gemaach, an awer kritt en net ëmmer déi Visibilitéit, déi e verdéngt.
Dat heescht, mir brauchen eng besser Representativitéit vum Fraesport, souwuel an den Instanzen an der Prise de décision, awer och virun allem an de Medien. An am Fong ass et duerfir esou, datt op dëser Journée soll de Fraesport am Mëttelpunkt sinn. Déi berufflech Succèsen och vun eis de Sportlerinne solle wierklech ervirgestrach ginn. Awer och all déi Leit, Männer a Fraen, déi am Fraesport ënnerwee sinn, déi sech ëm den Encadrement këmmeren, déi am Staff sinn, déi och Arbitter an Arbittesch sinn, all déi Leit sollen deen Dag och e bëssen am Mëttelpunkt stoen.
Nach e puer zu der Charte, déi vun de Gemenge kann ënnerschriwwe ginn.
Dat ass déi éischt Charte hei zu Lëtzebuerg, déi mer mat der Stad Esch ausgeschafft hunn. Do hu mer wierklech Pionéieraarbecht gemaach. Well mer gesot hunn, iwwert esou eng Charte kréie mer en Engagement moral vun de Sportsclibb. An d' Escher Gemeng huet do wierklech eng wonnerbar Aarbecht gemaach, well do hunn an der Tëschenzäit méi wéi 20 Sportsclibb wierklech ënnerschriwwen, fir ze soen, mir sinn do engagéiert a wëllen och ganz kloer Akzenter setzen, fir méi Egalitéit an de Sport eranzekréien.
All Sportsclub zu Esch kann déi Charte gären ënnerschreiwen an et zéien ëmmer méi Gemengen no, wéi och Gemeng Käerch a Stengefort an déi Charte gëtt de 24. Januar an de Gemengen ënnerschriwwen. Fir weider Detailer a wat alles lass ass och schonn am Virfeld an de verschiddene Gemengen, kuckt op