
© pixabay.com
Muer fänkt eng weider Editioun vum Autosfestival un, e feste Rendez-vous am Joer wou deen een oder aneren drun denkt den Auto ze wiesselen. Ma sou e Gefier keeft ee jo awer net wéi en neie Kalzong, hei gëllt et direkt op e puer Saache opzepasse wann een net wëllt enttäuscht ginn.
Ugefaange mat der Motorisatioun. Mat deene verschiddenen Hybrid Systemer sou wéi 100% elektreschen Autoen, kruten d'Verbrenner Autoen mëttlerweil massiv Konkurrenz. Offiziell Zuele vun den Immatrikulatiounen hei am Land weisen, dass dës an Tëschenzäit scho 60% vun all den Umeldungen ausmaachen. Net sou einfach deemno haut e Choix ze treffen. Ma wann een dee fir sech richtegen Auto fonnt huet, heescht et e Kontrakt mam Garage ze maache fir de Kaf schrëftlech dra festzehalen. Do sollt een drop oppassen, dass direkt dës puer wichteg Donnéeën dra stinn. Frank Maas vum ACL:
"Als éischt ass et wichteg, dass de richtege Modell mat der Motorisatioun, dem Equipement an den ausgewielten Optioune vermierkt gëtt. En zweete Punkt wier den Liwwerdatum am Kontrakt festzehalen. De Mount unzeginn, ass an dësem Fall e gudde Compromis. Eng Verspéidung bei der Livraisoun ass natierlech ëmmer méiglech mee da muss de Client awer informéiert ginn an de Verkeefer soll no der beschtméiglechster Léisung fir béid Parteie sichen."
Donieft sollt am Kontrakt och onbedéngt de Präis vun der Reprise vum alen Auto dra stoen, wann een dësen dann un de Garage verkeeft.
"Wann d'Liwwerung vum neie Gefier Verspéidung hätt, komme bei deem Auto deen an d'Reprise geet nawell gären zousätzlech Kilometer dobäi an de Wäert ass dann och net méi dee selwechten. Nodeems ee sech am Viraus iwwert de Präis vun der Reprise gëeenegt huet, ass et wichteg, dass de Montant och nach gülteg ass wann d'Liwwerung vum neien Auto Verspéidung hätt. Dëse wichtegen Aspekt vun der ganzer Transaktioun soll een am Kontrakt vum neien Auto an an deem vun der Reprise onbedéngt festhalen."
Et sollt een esou e Kontrakt dann och net op déi liicht Schëller huelen an oniwwerluecht säi Krop drënner setzen.
"Wann de Kontrakt mam Concessionnaire ënnerschriwwen ass, huet dëse Vertrag Gültegkeet. Dofir ass et nëtzlech sech am Viraus Gedanken iwwert dee fir sech selwer richtegen Typ vun Auto ze maachen. Dat ass och déi bescht Approche fir dass engem de Choix herno net leed deet. An dësem Kontext ass et och wichteg ze wësse wat engem vu Budget zur Verfügung steet. Sou ass et och sënnvoll de finanziellen Aspekt mat senger Bank virdrun ofzeklären."
Wann ee sech fir e private Leasing entscheet, sollt een onbedéngt och dat kleng Gedréckte liesen.
"An d'Texter déi engem net kloer si vun engem Professionellen erklären ze loossen. Wichteg wier zum Beispill, ënnert anerem, dass keen Apport fir den Auto ze bezuelen ass, d'Bestëmmungen iwwert den Entretien vum Gefier an d'Assurance och kloer sinn. E weidere Krittär ass d'Evaluatioun vun de Schied wann een den Auto zréck gëtt. An dann de Kilometrage, dëse muss mat deem eegene Fuerprofil iwwertenaner stëmmen. A fir de Verbraucher wier wichteg ze wësse wat de Kilometer zousätzlech kascht wann een de maximale Seuil vum Kilometrage iwwerschratt hätt."
Sollt et e Kredit sinn, da mécht et Sënn d'Banken an hier Tauxen matenaner ze vergläichen well och déi proposéieren dacks speziell Konditioune fir de Festival. Ma egal ob elo Leasing oder Kaf, et ass definitiv dovunner ofzeroden d'Kaz am Sak ze kafen.
"Et ass ëmmer unzeroden en Auto oder souguer e puer Autoen ze probéieren an ze vergläichen. Zemools wann ee sech net kann tëscht e puer Gefierer decidéieren, ass et en exzellente Moyen fir ze tranchéieren. Beim probéiere stellt ee fest ob d'Fuerverhalen, d'Motor-Charakteristik an de reelle Verbrauch den Erwaardungen entsprécht, ob d'Sëtzpositioun stëmmt, d'Siicht no bausse gutt ass an de Gabarit beim Parken keen Hindernis ass."
A wann ee sech net entscheede kann oder kee Modell ee sou richteg iwwerzeegt, da kann ee jo säin Alen awer vläicht nach e bëssi ze halen. Deen nächsten Autosfestival kënnt bestëmmt, spéitstens an engem Joer.