... 35 Joer annoncéiert de südafrikanesche Präsident Frederik de Klerk grouss Reforme fir säi Land. Verbuede Parteie wéi d'ANC gi rëm zougelooss, Ausnamezoustand a Limitéierunge vun der Pressefräiheet ginn opgehuewen an d'Apartheidspolitik soll méi labber ginn. 4 Joer méi spéit gëtt de Nelson Mandela den éischte schwaarze Präsident vu Südafrika.

02/02/2025 Haut virun...

Westlech vun der chileenescher Côte leie puer kleng Inselen. Op enger dovu gëtt 1704 e schottesche Séifuerer zréck gelooss, deen et fäerdeg bréngt, wärend 5 Joer do z'iwwerliewen. Haut virun 316 Joer gëtt den Alexander Selkirk gerett. Seng Geschicht déngt dem Auteur Daniel Defoe als Virlag fir säi Roman Robinson Crusoe.

1913 gëtt zu New York de Grand Central Terminal ageweit. Zanterhier ass dat di gréisste Gare vun der Welt mat de meeschte Gleisen - 67 Stéck déi op 44 verschidde Quaien ukommen oder fortfueren. Grand Central ass eent vun de bekanntste Gebaier vun der Metropol an och eent vun de meeschtbesichten. All Dag huelen do méi wéi 500.000 Leit den Zuch.

1943 kapituléiert di 6. däitsch Arméi zu Stalingrad. No 5 Méint a Verloschter vu ronn enger Millioun Leit op béide Säite ginn eng 100.000 däitsch Zaldoten a sowjetesch Gefaangenschaft - just puer Dausend wäerten zréckkommen. D'Schluecht vu Stalingrad gëllt als Ufank vum Enn vum Naziterror an Europa.

1974 ginn op der Spillsaachefoire zu Nürnberg eng éischte Kéier Figure vu Playmobil presentéiert. Di éischt Theme si Baustell, wëlle Westen an d'Ritterzäit. 2 Joer méi spéit komme weiblech Figuren dobäi. Playmobil gëtt et bis haut - d'Firma stécht de Moment awer a personellen a finanzielle Laberenten.

Wat huet di hollännesch Kinnekskoppel Willem-Alexander a Máxima gemeinsam mat Nicolas Sarkozy a Carla Bruni? Richteg, si sinn dee selwechten Dag bestuet ginn. D'Hollänner 2002, an de franséische Staatspresident an d'Musekerin 2008. Iwwregens si béid Koppelen och nach ëmmer zesummen.

Hyperinflatioun 2009 a Simbabwe. D'Noutebank muss de Véierte Simbabwe-Dollar erausginn. Eng Billion Drëtte Simbabwe-Dollar krit bei dëser Wärungsreform de Wäert vun engem Véierte Simbabwe-Dollar.

RTL

© Pixabay

Haut viru 99 Joer kënnt de Valéry Giscard d'Estaing op d'Welt. De franséische Politiker ass vu 1974 bis 1981 Staatspresident, ee vun den Architekte vum haitegen Europa a stierft 2020 un de Suite vun enger Covid-Infektioun.

Haut ass Groundhog Day (Muermeldéier-Dag):

Haut ass Liichtmëssdag:

RTL

© Pixabay