
© U.S. Army Photo
... 80 Joer fänkt op der sowjetescher Schwaarzmier-Hallefinsel Krim d'Konferenz vu Yalta un. Den US-Präsident Roosevelt, de brittesche Premierminister Churchill an de sowjetesche Regierungschef Stalin beroden eng Woch laang iwwer d'Neiuerdnung vun Europa nom Zweete Weltkrich.
1789 gëtt den George Washington eestëmmeg zum éischte President vun de Vereenegte Staaten gewielt. Seng Fra Martha ass dovu net begeeschtert. Eigentlech wollt si nom Krich e rouegt Privatliewen hunn. Mee di éischt First Lady akzeptéiert hir nei Roll a mécht all Woch hir gutt Stuff op, fir wichteg Leit bei si an hire Mann op Dinner-Partyen z'invitéieren.
Pionéiergeescht gëtt net ëmmer belount. De gebiertegen Éisträicher Franz François Reichelt ass Schneider a wëllt 1912 d'Welt vu sengem Fallschierm-Kostüm iwwerzeegen. Haut virun 113 Joer spréngt hien dowéinst selwer vum éischte Stack vum Eiffeltuerm erof. Ëmschreiwe mir d'Saach esou: réischt beim Batman wäert di Konstruktioun richteg funktionéieren. De Reichelt bezuelt mam Liewen.
Mat schlechter Press belount gëtt 2002 de Patron vum franséischen Autoskonstrukteur Renault. Zu Paräis ass et di feierlech Presentatioun vum neie Modell Vel Satis, deen en hypermoderne GPS u Bord huet. Blöd just, dass dëse sech net wäit vun der Haaptstad ewech verléiert an de Wee net méi weider weess.
2003 gëtt d'Bundesrepublik Jugoslawien ëmbenannt a Serbien-Montenegro. Dëse Staat wäert 3 Joer laang bestoen. Di Bundesrepublik war de Nofollger vum fréiere Jugoslawien, dat an de 90er duerch di verschidde Kricher zerfall war - an der Ëffentlechkeet och als Rescht-Jugoslawien bezeechent.
2008 feiert d'NASA 50 Joer an och den Anniversaire vun hirem sougenannten Deep Space Projet, mat deem de Weltall zanter 45 Joer exploréiert gëtt. Fir d'Occasioun gëtt eng mp3 vum Beatles-Lidd Across the Universe mat Liichtvitess a Richtung Polarstär ausgestraalt. Dësen ass gutt 4 Billiarde Kilometere vun eis ewech, sou dass d'Lidd fréistens am Joer 2439 do ukomme wäert. Hoffentlech huet da nach een en mp3-Player.
Haut ass de Weltdag géint de Kriibs. Gesondsorganisatiounen, Entreprisen an ëffentlechen Institutioune geet et virun allem drëms opzeklären a geféierlecht Hallefwëssen aus dem Wee ze raumen. Wat Kriibs méi fréi diagnostizéiert gëtt, wat d'Aussiichten op Heelung besser sinn.

© Pixabay