... 156 Joer gëtt am australesche Bundesstaat Victoria dee bis haut gréisste Goldklompe vun der Welt fonnt. E läit just 3cm ënnert dem Buedem um Fouss vun engem Bam an huet e Nettogewiicht vun 72.02kg. Dëse Nugget huet en aktuelle Géigewäert vu gutt 6 Milliounen Dollar.

05/02/2025 Haut virun...

1924 sent d'BBC fir di éischte Kéier an hirem Programm sougenannten Zäitzeechen (top horaire). Eng markant Tounfolleg, déi z.B. di voll Stonn oder den Ufank vun de Noriichte signaliséiert. Donieft konnten d'Leit fréier hir Auer stelle no deenen Téin.

1936 huet dem Charlie Chaplin säi spéide Stommfilm Modern Times Weltpremière zu New York. D'Satir op de rationaliséierten a mechaniséierten Taylorismus an der Aarbechtswelt sollt zu engem vu sengen erfollegräichste Wierker ginn.

1971 landen d'Amerikaner fir di 3. Kéier um Mound. Apollo 14 huet de Som vu 500 verschiddene Beem u Bord, deen se awer rëm zréck mat op d'Äerd huelen. Do ginn di Beem duerno geplanzt fir ze kucken ob se sech vläicht anescht entwéckelen. Maache se net - ronn 420 vun deene Moon Trees wuessen zum Deel bis haut.

1989 gëtt iwwert de lëtzebuergeschen Astra 1A-Satellit den éischte renge Noriichtesender an Europa diffuséiert. Den engleschsproochege Sky News ass eng vun den éischte Chaînen, déi ronderëm d'Auer senden. Och zu Sky gehéiert Eurosport, déi dee selwechten Dag fir di éischte Kéier op Sendung ginn.

2003 presentéiert den amerikaneschen Ausseminister Colin Powell dem Weltsécherheetsrot vermeintlech Beweiser, dass den Irak am Besëtz ass vu Massevernichtungswaffen. Des sinn awer fräi erfonnt, an dass de Powell domat d'Vereente Natioune vum Irakkrich iwwerzeege wollt, nennt hie spéider e Schandfleck a senger Karriär.

Haut virun engem Joer stellt den Oleg Kononenko e neie Weltrekord op. De russesche Kommandant vun der internationaler Raumstatioun ISS ass mat 878 Deeg um Stéck dee Mënsch, deen am längsten am Stéck am Weltall bleift. Bis an den Hierscht baut de Kosmonaut dee Rekord nach op 1110 Deeg aus.

40 Joer al gëtt de Cristiano Ronaldo.

53. Gebuertsdag vun der dänescher Kinnigin Mary, Fra vum Kinnek Frederik X.

An dann ass haut de Weltdag vum Nutella. Eng Amerikanerin ass sou begeeschtert vum Schockela fir op d'Schmier, dass si méi wéi 700 Rezepter aus aller Welt sammelt a se online stellt. D'Firma Ferrero ass net sou begeeschtert vun där Iddi a wëllt d'Säit verbidde loossen. No weltwäite Protester gi se sech virun 10 Joer awer geschloen an ënnerstëtzen zanterhier och de Welt-Nutella-Dag.

RTL

© Pixabay