"Wimmelbuch Rotondes" - Sou den Numm vun engem neie Buch dat d'Rotondes gëschter virgestallt hunn. Dass et sech hei awer vill méi ëm Biller wéi ëm e geschriwwent Buch handelt, seet schonn den Titel aus.

27/01/2025 Neit Billerbuch: "Wimmelbuch Rotondes"

Dass et sech hei awer vill méi ëm Biller wéi ëm e geschriwwent Buch handelt, seet schonn den Titel aus. Ma och d'Presentatioun vun deem Buch war elo net esou wéi ee sech dat gewéinlech virstellt. D'Viki Mladenovski, Illustratrice vum Wimmelbuch Rotondes, erkläert:

"Fir d'éischt hate mer e Concert dessiné an do war et esou, dass ech mat 2 Museker, dem Napoleon Gold a Klein, op der Bün war a si hunn 20 Minutte laang hier Musek gespillt an ech hu wärenddeem gemoolt. An dat ass sou eng Zeechnung déi een net genee esou am Wimmelbuch fënnt mee et ass awer an där selwechter Welt, dat heescht et sinn déi selwecht Personnage mee ech hunn awer e bëssi eppes aneres dorausser gemaach. Dono konnt een d'Bicher kafen déi ech och ënnerschriwwen hunn. Et gouf dann och nach eng kleng Froeronn wou d'Leit mir ebe konnte Froe stellen."

D'Iddi fir esou Buch ze maachen, koum vun de Rotondes selwer.

"Et geet virun allem dorëms, dass Kanner an och déi erwuesse Leit e bëssi gesi wat déi eenzel Funktiounen an de Rotondes sinn, dat heescht wat déi eenzel Beruffer sinn a wéi iwwerhapt esou Events zesumme kommen déi an de Rotondes sinn. Ech hunn och gekuckt eenzel Storye vun de Leit déi an de Rotondes schaffen, halt och Anekdoten an esou, mir eraus ze sichen an déi dann och am Wimmelbuch mat afléissen ze loossen. Et huet mech inspiréiert ebe mat de Leit och ze schwätzen, Interviewen ze hunn an ze kucke wat hier Beruffer sinn."

D'Wimmelbuch riicht sech awer elo net just u Leit déi sech elo spezifesch fir d'Rotondes interesséieren:

"Et geet am Buch u sech ëm d'Rotondes mee et kann een d'Buch och kafe wann een d'Rotondes net kennt oder och keng Relatioun dozou huet. Et ass einfach immens flott fir Kanner wéi och fir Erwuessener erauszefanne wat een do ka maachen a wéi sech sou en Event entwéckelt. Ech hunn och meng eege Storye mat erabruecht. Et ass wuel e Buch iwwert d'Rotondes mee et ass awer och ganz vill vu menger eegener Inspiratioun wat doranner ass."

Op 7 Duebelsäite gëtt et immens vill ze entdecken an dat fir déi ganz Famill. Et dierft een also stonnelaang mat deem Buch beschäftegt sinn an dat ganz ouni Text. Dat mécht dann och, dass d'Wimmelbuch fir jiddereen zougänglech ass an et deemno keng Sproochbarriär gëtt. Kafe kann een et bei de Rotondes selwer sou wéi och an all grousse Bicherbuttek am Land. 

An am Kader vum Wimmelbuch gëtt et dann och nach eng Expo mat animéierte Personnagen an Dekoren aus dem Buch déi een nach e puer Méint op groussem Ecran an der Buvette vun de Rotondes entdecke kann.