
© afp
Gëschter ass d'Joer vum Draach op en Enn gaangen - haut fänkt fir 1,4 Milliarde Chineesen d'Joer vun der Schlaang un. D'Festivitéite fir dat neit Joer sinn a China vun enormer Bedeitung. Awer och ronderëm déi ganz Welt gëtt grouss gefeiert, och hei zu Lëtzebuerg.
De Yong Zhang ass Patron vun der internationaler Reesagence "Euro-Asie" zu Steesel a schonn an där zweeter Generatioun hei zu Lëtzebuerg. Am Ganze ginn et a China 12 Horoskop-Déieren, d'Schlaang géif oft och als klenge Brudder vum Draach bezeechent ginn: "Eng Schlaang symboliséiert Wäisheet an et ass ee gudde Strateg. Eng Schlaang ass och mysteriéis a verwandelt sech immens vill, also ginn et vill Changementer. Et gëtt och ëmmer gesot, dass e Schlaange-Joer vill Potential huet fir Räichtum unzesammelen. Et gëtt also e gutt Geschäftsjoer."
Gëschter Owend gouf mat der Famill schonn de chineesesche Silvester gefeiert. Et gëtt vill gekacht a gedronk, an dat neit Joer gëtt mat engem grousse Freedefeier agelaut. Zu deem Ulass deelen d'Familljememberen dann och rout Enveloppen als Kaddo ënnert sech aus. Do sinn normalerweis Suen dran, wouriwwer sech da besonnesch d'Kanner freeën. Fir de chineeseschen Neijoerschdag haut, kommen da ganz traditionell Platen op den Dësch: "Zum Beispill gëtt et Fësch, dee steet fir d'Freed dass een all Joers erëm zesummekënnt. Als zweete Plat gëtt et Poulet. Mam Poulet wënscht ee sech am Fong alles Guddes fir dat neit Joer. Da gëtt et och nach Räiskuch, dee steet fir vill Erfolleg an der Karriär, an en Uebstteller mat Äppel, dee Fridden an der Welt soll bréngen."
Als typescht Gedrénks gëtt am Norde vu China Räisdrëpp mat 40% bis 50% Alkohol gedronk, am Süden éischter Räiswäin mat 13% bis 15% Alkohol. Awer och "westlecht" Gedrénks ewéi Wäin, Crémant oder Cocktails ginn ëmmer méi populär, seet de Yong Zhang. Nieft dem Iessen an dem Gedrénks muss een awer och nach aner Preparatiounen huelen. A China gëtt et nämlech eng Legend vun engem Monster, dat d'Leit ronderëm Neijoerschdag terroriséiere kënnt: "Dat Monster frësst d'Leit op. Fir dat Monster ze bekämpfen, muss all Famill chineesesch Böller oder Rakéite virbereeden. Da muss ee rout Spréch virun der Dier ophänken, e Löwentanz orgainséieren an eppes roudes undoen."
D'Festivitéite fir dat chineesescht neit Joer daueren am Ganze 15 Deeg, all Dag huet eng bestëmmte Symbolik. Um zweeten Dag ass een zum Beispill bei der Famill vun der Braut op Besuch. Do gëtt dann Nuddelszopp giess, déi fir e laangt Liewe steet. Um drëtten Dag gëtt zesummen déi chineesesch Fondue Hot Pot giess, dat steet fir Harmonie an Zesummenhalt: "Den Dag Nummer 15 ass de Schluss vun der Feier, dat ass de Festival vun de Lampionen. Op deem Dag gi Sesambällercher giess. Déi ginn aus Klebereis gemaach a symboliséiere Gléck a Prosperitéit."
A wa mir hei zu Lëtzebuerg soen "Alles Guddes am Neie Joer", seet een a China: "Xīnnián kuàilè heescht Happy New Year, an da wënsche mir eis och eng gutt Gesondheet an dass all eis Dreem an Erfëllung ginn."
"Xīnnián kuàilè" fir alleguer d'Chineesinnen a Chineesen!