All Joer di selwecht Fro. Plage oder Bierger, Hotel oder Camping... wann et ëm di nächst Vakanz geet, ass gudde Rot deier. An och munch Destinatiounen. Dat kéint doru leien, datt déi de Moment immens gefrot sinn, well se bei Airbnb héich am Cours stinn. Hei sinn di beléiftste Reesziler 2025 fir privat ze buchen.

30/01/2025 Wouhi soll et da goen?

Net wéineg Leit hu jo den Éischt-Welt-Problem, datt se net wësse wouhi se dann dëst Joer an d'Vakanz solle goen. Wie keng Loscht huet sech rëm duerch de klassesche Reeskatalog ze kämpfen oder vun engem frëndlechen Agent eng Bloder op d'Ouer geschwat ze kréien, deen hëlt di Saach selwer an d'Hand, mam magesche Stéchwuert: Airbnb.

RTL

© Pixabay

Engem Anere seng Privatwunneng lounen, steet héich am Cours - méi wéi eng Milliard Leit hunn dat schonn zanter der Grënnung vun der Onlineplattform gemaach. Kloer, datt sech bei sou Zuele konkret Favoritten erausfiltere loossen. Bei den europäesche Stied sinn de Moment Palermo an Italien a Sevilla a Spuenien mat virbäi. Oder d'Haaptstad vu Wales, Cardiff. Ween hat dann do scho mol d'Panz wéi? Wier dach eng Iddi.

RTL

© Pixabay

Ënnert de 25 beléiftste Reesziler si 5 Destinatiounen an den USA. Zum Beispill d'Stad Green Bay am Wisconsin. Dohi veriere sech normalerweis just Fans vum American Football, a genee dowéinst läit di Stad am Trend, well do am Fréijoer e grousst Sportevent geplangt ass. Laut Airbnb gëtt et ëmmer heefeg, dass d'Leit sech ronderëm gréisser Manifestatiounen direkt eng ganz Rees zesummebauen.

RTL

© Pixabay

Vertrueden an der Top 25 Hitparad si nieft den USA och nach Thailand, Australien, Japan, Kanada, Chile, an, Däitschland. Nee net mat München, Berlin oder Hamburg, mee mat... Bad Staffelstein. Di kleng Stad an Oberfranken ass bekannt a beléift fir hir Thermalbieder a fir hire Staffelberg. Anscheinend muss een dee gesinn hunn.

RTL

© Pixabay

De gréissten Zoulaf hu se bei Airbnb awer a Mexiko festgestallt. Zu Puerto Escondido. Kloert Mierwaasser, gutt Iessen, eng tropesch Destinatioun un der Pazifikküst, déi ëmmer méi beléift gëtt. Dat wëssen entretemps och d'Fluggesellschaften, et fléien der ëmmer méi dohin. Gëtt mol gesot. No engem séieren Check stelle mir fest: hei vu Lëtzebuerg aus gëtt dat nach eng komplizéiert a net ganz bëlleg Affär. Vläicht eng aner Kéier dann. D'nächst Joer - da sinn och scho vläicht rëm manner Leit do.

RTL

© Pixabay

Reesen op eege Fauscht organiséieren steet laut Airbnb op dësen Destinatiounen 2025 héich am Cours:

Les Deux Aples, Frankräich

Sevilla, Spuenien

Mar del Plata, Argentinien

Palermo, Italien

Jacksonville, Florida

Kyoto, Japan

Mumbai, Indien

Bad Staffelstein, Däitschland

Cardiff, Wales

Brasilia, Brasilien

Baton Rouge, USA

Tokio, Japan

Manly, Australien

Hua Hin, Thailand

Green Bay, USA

Whitsundays, Australien

Combloux, Frankräich

Charleston, USA

Chiang Mai, Thailand

Cartagena, Kolumbien

La Serena, Chile

Puerto Escondido, Mexiko

Klickt hei fir weider Informatiounen: