
Net all Jéimeren a Jiipsen kann de Meeschter vun engem Hond oder enger Kaz direkt richteg deiten. An zemol wann dat méi laang geet, deet een ëmmer gutt drun de Spezialist opzesichen. D'Dr Romi Roth ass da ganz dacks Uspriechpartnerin a muss sou séier wéi méiglech erausfannen wat dem Déier feelt.
Dem Zino, engem alen Jack Russel seng Famill, wosst hiren Hänn bal kee Rot méi: all Nuecht géint zwou Auer fänkt dee léiwen ale Kärel un mat Billen an Huerelen wéi wann hien ganz dréngend eraus misst. Am Gaart kuckt hien da ganz verluer ronderëm sech an huet meeschtens komplett vergiess, firwat hien iwwerhaapt esou dréngend wollt erauskommen. Erëm hannescht an der Stuff steet hien nees stonnelaang virun enger Mauer ze jiipsen. Dobäi jickt hien awer nach ganz gutt an am Fong esouguer nach vill méi wéi soss.
Dat ass jo bal ewéi bei de Leit wa se Alzheimer hunn? Kréien Déieren dat dann och?
An der Déieremedezin gëtt an esou Fäll vu KDS, dem Kognitiven Dysfunktiounssyndrom geschwat. Och dat ass eng schläichend degenerativ Krankheet vum Gehier. An iwwert 50% vun den Honn iwwert 10 Joer hnun dee Probleem méi oder manner uerg, dee grad esou mann ze heelen ass wéi Alzheimer bei de Leit. Mat spezielle Medikamenter a virun allem mat Verhalensmusteren kann awer och en Déier mat KDS nach laang zefridden a frou sinn. Fir Leit mat demenzkranken Déieren gëtt et am Internet extra Checklëschten, déi ee fir méi en schéint, einfacht Liewen fir säin eegent „Watt-am -Kapp-Déier“ a fir d´Leit ronderëm den Demenzpatient ëmsetze kann.