
Et ass kal a naass dobaussen an dir hutt an de leschten Deeg sécher méi wei eemol un eng Vakanz geduecht. De Januar ass eigentlech de perfekte Mount, fir sech seng Gedanken iwwert d’Reese vum neie Joer ze maachen. Besonnesch wann et ëm d’fléie geet, soll ee fréi u sinn an am éischte Mount vum Joer buchen. De Loïc Juchem gëtt eis Tipps wéi een dëst Joer puer Euro ka spueren.
Et ass effektiv esou, datt de Januar de Mount ass fir seng Vol’en ze buchen. Vill Fluchgesellschafte bidden da relativ gutt Präisser un. Elo soll ee sech scho Gedanken iwwert d'Summervakanz maachen an am Februar ass dann och eng gutt Zäit fir Vol’en an Direktioun Asien ze buchen, wann een do am August wëll Vakanz maachen.
Wann ee säi Vol bucht dann heescht et wierklech sichen. Net direkt den éischt beschte Buchen. Op Skyscanner kann een seng Recherche maachen oder op Google Flights. Hei kann een direkt puer Fluchhäfen déi ronderëm Lëtzebuerg leien aginn an et kann ee mat den Deeg spillen a mol direkt puer Euro spueren. Vol’e mat Tëschestopp sinn dann och méi bëlleg.
Flexibel Datumer si natierlech vu Virdeel a wann ee kann,dann am Beschten net Weekends fléien, de Mëttwoch ass an der Reegel de bëllegsten Dag. Wann een da bis säi Vol fonnt huet, da soll een deen op der Säit vun der Airline buchen. Do sinn d’Conditioune meeschtens am Beschten.
Mee wou soll et dëst Joer dann higoen? Hei puer Top-Destinatioune fir 2025 erausgepickt:
Natierlech Japan, d’Weltausstellung zu Osaka zitt dëst Joer Millioune Leit un. D’Top Länner vu Lonely Planet sinn dëst Joer, d’Fidschi Inselen(natierlech immens deier), Litauen an de Kamerun an Zentralafrika. Och d’Slowakei an Armenie ginn an der Top 10 opgelëscht.
A wann ee vill flitt, lount et sech och sech bei verschiddene Programmer anzeschreiwen. Sief dat en High Five bei der Luxair, wou een no 5 Vollen e Bong kritt oder Meile sammele bei aneren Airlines.