Haut de Moien huele mir iech mat an d’Vakanz a kucken, wou ee vläicht mol deen een oder aneren Euro spuere kann. De Loïc Juchem stellt eis e puer Destinatioune vir, wou een dëst Joer eng schéin Zäit ka verbréngen.

29/01/2025 Reesen: Puer Euro spueren

Déi éischt Méint am neie Joer sinn dann och déi beschten Zäit, fir Reesen ze buchen. Wann een elo scho säi Summer plangt, kann ee ganz gäre mol e bësse Sue spueren. D’Lëtzebuerger maache gär Vakanz a Spuenien, zu Mallorca zum Beispill. Do ass et an de leschte Joer e gutt Stéck mei deier ginn. Alternative sinn Tunesien, Bulgarien oder d’Tierkei. Och hei gëtt et Sonn a Plage, mee et ass ebe manner deier. 

Wann et soll méi wäit fortgoen, da bidden Thailand an déi Vereenegt Arabesch Emirater (Dubai) nach ëmmer weiderhin e gutt Präis-Leeschtungs-Verhältnis. Wa mer scho bei wäit fléie sinn,d’Urlaubspiraten recommandéieren dëst Joer Hoi An am Vietnam, Kapstadt a Südafrika a Mombasa am Kenia als gënschteg Destinatiounen 2025.  

Et gëllt awer, wie Sicht dee fënnt a wann een e bëssen Zäit investéiert kann een einfach Sue spueren. Op Booking.com bucht een dacks Hoteller. D’Sichmaschinn ass perfekt fir ze recercheieren. A mat all de Filteren déi ee kann notze fënnt een do och séier an einfach säin Hotel. Mee opgepasst, dacks ginn et Ënnerscheeder am Präis. Um Handy,Tablet a Computer gëtt dann all Kéiers en anere Präis op bbooking.com ugewisen. Dobäi kënnt,datt de Präis och net ëmmer op dëser Plattform am gënschtegsten ass. Den offizielle Site vum Hotel soll een dofir och ëmmer consultéieren. 

An der Reegel ass et bei grousse Reesen och besser alles selwer ze buchen, bucht een an engem Reesbüro oder en All-In Package huet een natierlech eng gewësse Sécherheet. Hautdesdaags ginn et awer och op Social-Media flott Accounts, déi engem beim Spueren hëllefen an engem richteg gënschteg Reese proposéieren an och soen wou een dat soll buchen.

Ech notzen do: Janine Reiseangebote (meowmilesaway) op Instagram. Cool gemaach kritt een do gënschteg Vol’en an Hoteller gewisen.