
© Oekozenter Pafendall / Mouvement Ecologique / Ministère de l'Environnement
Nach bis e Sonnde leeft den Autofestival. An deem Kader stinn och Elektroautoen erëm am Fokus, well nëmme si kënne klimafrëndlech aus erneierbaren Energië bedriwwe ginn. Um Internetsitte "oekotopten.lu" kann een aktuell Modeller a punkto Energieeffizienz an Energieverbrauch vergläichen.
De Projet gëtt vum Oekozenter Pafendall betreit, an Zesummenaarbecht mam Mouvement Ecologique an der Ënnerstëtzung vum Ëmweltministère. Och wann de Choix un Elektroautoe weiderhinn an d'Luucht geet, virun allem bei der Autonomie, huet sech beim Verbrauch net extrem vill gedoen, seet de Camille Muller vum Oekozenter Pafendall. Eng weider Erkenntnis vun der Analys vum aktuelle Marché wier, dass elektresch Autoen ëmmer méi schwéier ginn: "Dat huet elo net onbedéngt ëmmer eppes mam SUV-Effekt ze dinn. Dat huet och domat ze dinn, dass ganz vill Modeller an e puer verschidde Gréisste vu Batterien ze kréie sinn. A wat eng Batterie natierlech méi grouss ass, wat d'Autonomie natierlech och eropgeet, wat den Auto awer och méi schwéier gëtt. Dat kann och eventuell dozou bäigedroen hunn, dass de Verbrauch sech net weesentlech gebessert huet."
Nach ni war de Choix un effizienten Elektroautoen esou grouss: Op oekotopten.lu fënnt een iwwer 100 aktuell Modeller, déi een an deene verschiddenen Aspekter vergläiche kann. Bis op e puer Ausname sinn alleguer d'elektresch Autoen aus där Lëscht och éligibel fir déi staatlech Subventiounen. De Camille Muller: "Do ginn et 6.000€ fir Autoe mat fënnef Sëtzer déi net méi ewéi 16 kWh op 100 km/h verbrauchen. Wann se méi verbrauchen, also bis zu 18 kWh, ginn et ëmmer nach 3.000€. An da ginn et och nach finanziell Ënnerstëtzunge fir Occasioune vu 1.500€."
Dat gëllt fir Occasiounen ab dräi Joer an och do muss een oppassen, dass de Verbrauch net ze héich ass. Um Site oekotopten.lu kann een awer net nëmmen d'Effizienz vun elektreschen Autoe matenee vergläichen, mee och déi vun Haushaltsgeräter: "Dat geet vum Frigo, iwwert d'Kaffismaschinn, d'Spullmaschinn bis bei den Trockner. Dann hu mir awer och déi effizientst Televisiounen, oder déi Smartphones déi een am beschte flécke kann. A bei der Elektromobilitéit hu mir och nach déi effizientst Pedelecs an - als Alternativ zum Auto - och déi effizientst Cargobikes mat drop."
Um Site kritt Dir dann och nach Informatiounen iwwert alleguer d'Primmen déi déi verschidde Gemengen a Relatioun mat de jeeweilege Produkt-Kategorien ausschëdden!