D'Popularitéit vun der KI-App vun der chineesescher Firma DeepSeek ass an der leschter Woch explodéiert. DeepSeek huet mëttlerweil esouguer ChatGPT vum US-amerikaneschen Ubidder OpenAI bei den Downloads am Apple-Store iwwerholl. E Méindeg sinn dowéinst d'Aktiecoursë vun de féierenden US-Tech-Entreprisen agebrach, Chris Reuter.

29/01/2025 Kënschtlesch Intelligenz: DeepSeek iwwerhëlt ChatGPT

Historesch haart huet et Nvidia getraff. Den Chipkonzern huet dee gréissten Dagesverloscht an der Geschicht vun der Wall Street erlieft: D'Nvidia-Pabeiere sinn ëm 17% agebrach an op ee Coup ware knapps 600 Milliarden Dollar Maartwäert fort. Kuerz duerno huet DeepSeek iwweregens e grouss ugeluechte Cyberugrëff op seng App gemellt. D'Firma huet matgedeelt, dass sech wéinst där Attack aktuell keng nei User op hirer App registréiere kënnen.

Ee Grond fir de reegelrechten Hype ronderëm DeepSeek ass d'Effizienz vun der Entwécklung vum Chatbot. Experten no kéint d'Leeschtungsfäegkeet ouni Problemer mat der US-amerikanescher Konkurrenz mathalen. Impressionant: Eegenen Aussoen no soll de Start-Up vun Hangzhou just 5,6 Milliounen Dollar fir d'Entwécklung vun hirem Chatbot gebraucht hunn. Dat wier just ee Brochdeel vun de milliardeschwéieren Investitioune vun Nvidia, Meta oder dem Google-Mammekonzern Alphabet.

Den Donald Trump gesäit den Opstig vun DeepSeek als Warnung fir d'US-Industrie. Et misst een héich konzentréiert sinn, fir d'Course géint déi international Konkurrenz ze gewannen, sot den US-President bei engem Treffe vu republikaneschen Deputéierten zu Miami. De Schock kéint awer och positiv Auswierkungen op d'Tech-Entreprisen am Silicon Valley hunn, well si gezwonge wieren, mat manner héijen Depensen Innovatiounen ze erreechen. Den Trump hat jo kuerz no senger Inauguratioun e gigantesche KI-Infrastrukturprojet ugekënnegt. An deem Kader sollen an deenen nächste Joer Investitioune vun op d'mannst 500 Milliarden Dollar kommen. Och d'Dekreet fir d'Reguléierung vu KI vu sengem Virgänger Joe Biden hat den Trump opgehuewen. De Chef vum KI-Pionéier OpenAI Sam Altman schreift op X, dass et beliewend wier, een neie Konkurrent ze hunn. Hien huet d'App DeepSeek e "beandrockende Modell" genannt. Den Altman huet och zougeséchert, dass ee verschidden OpenAI-Verëffentlechunge beschleunege géif.

Déi chineesesch App DeepSeek steet awer wéinst sengen Äntwerten op politesch Froe staark an der Kritik. D'KI-App verweigert Informatiounen zu Themen déi a China extrem sensibel sinn: D'Tiananmen-Protester vun 1989, d'"Regenschirm-Revolution" zu Hongkong oder déi politescher Situatioun ronderëm de Staatschef Xi Jinping. Freet een duerno, kritt een d'Standardformuléierung: "Sorry, that's beyond my current scope. Let's talk about something else." Wann een zum Beispill Froen iwwert déi politesch Situatioun vun Taiwan stellt, vertrëtt DeepSeek ganz kloer d'Positioun vun der chineesescher Regierung a bezeechent Taiwan als "ontrennbaren Deel vu China".