
© Patrick Greis
Vill Leit kennen de Sproch 'an apple a day keeps the doctor away'. Den Dr Marc Keipes aus dem GesondheetsZenter op der Gare, fiert virun mat der Prosa a setzt nach e Sproch drop: '"A tomato a day keeps the 'Bluttdrock' away".
Tomaten sinn am biologesche Sënn eigentlech Friichten, och wa mir Geméis dofir soen. A Spuenien, engem vun den Haaptproduzenten vun den Tomaten haten se d'Iddi fir ze kucken, op d'Tomaten e positiven Effekt op d'Gesondheet hätten. Se hunn e Grupp vu 7.000 Leit, wouvun 82% héije Bluttdrock haten, wärend 3 Joer iwwerwaacht. Et goufen 4 Niveauen vu Tomatenkonsum, mir këmmeren eis ëm de Maximum an de Minimum. Also déi am meeschten haten iwwer 110g Tomat pro Dag, an déi mat deem mannsten waren 44g pro Dag.
An dann interesséieren natierlech d'Resultater an d'Auswierkungen op eis Gesondheet.
Bei deene Leit, déi schonn Bluttdrock haten, war e besser bei deene Leit mat de villen Tomaten, versus déi bal keng giess hunn. Bei Leit ouni Bluttdrock, ass en a 36% vun de Fäll niddreg bliwwen bei den Tomatenéisser, net bei deenen aneren. Also e mediterrane Regime mat vill Geméis, Uebst, Oliven, e bësschen Olivenueleg schéngt net nëmmen eng Reduktioun vun der Mortalitéit ze bréngen, mee och manner Bluttdrock. Iesst also gären är Bolognese an dann als Dessert nach en Apel hannendrop, da bleift dir gesond.