
© afp
D'Doomsday Clock ass eng symbolesch Weltënnergangsauer. Si weist un, wéi kuerz d'Mënschheet virun der Selbstvernichtung steet a soll der Ëffentlechkeet däitlech maachen, wéi grouss aktuell de Risiko vun enger globaler Katastroph ass. US-Wëssenschaftler hunn elo deen neie Stand vun der Auer matgedeelt: Et sinn 89 Sekonne viru "Mëtternuecht".
Hannert der Doomsday Clock stécht d'Publikatioun "Bulletin of the Atomic Scientists", kuerz "BAS", déi 1945 vu Wëssenschaftler ewéi Albert Einstein, Eugene Rabinowitch an J. Robert Oppenheimer an d'Liewe geruff gouf. Si hunn d'Weltënnergangsauer 1947 no den Atombomme vun Hiroshima an Nagasaki etabléiert. Deemools hunn d'Fuerscher den Zeiger op siwe Minutte virun zwielef gestallt. Ob a wéi d'Auer geréckelt gëtt, entscheet mëttlerweil de Conseil de Surveillance vum "BAS", zesumme mat engem Rot an deem ënnert anerem Nobelpräisdréier sëtzen.
Nodeems d'Weltënnergangsauer 2023 an 2024 op 90 Sekonne viru Mëtternuecht stoung, hunn d'Fuerscher den Zeiger dëst Joer ëm eng Sekonn no vir geréckelt. Mat 89 Sekonnen ass d'Mënschheet elo esou kuerz virun der Selbstvernichtung ewéi nach ni. "All Beweegung a Richtung Mëtternuecht sollt als Zeeche vun enger existenzieller Bedroung an onmëssverständlech Warnung verstane ginn", heescht et am "Bulletin of the Atomic Scientists". Als Haaptgrënn fir d'Réckele vum Zeiger nennen d'Wëssenschaftler d'Klimakris - 2024 war dat wäermste Joer iwwerhaapt, d'Pandemien, d'Falschinformatiounen, d'Bedroung duerch Kënschtlech Intelligenz an nuklear Risiken.
Den Daniel Holz, Responsabel vum Wëssenschafts- a Sécherheetsrot vum "BAS", kritiséiert, dass all déi Problemer a potentiell Geforen net nei wieren, een awer ze wéineg Fortschrëtter bei der Bewältegung vun dësen Erausfuerderunge géif gesinn. Weider heescht et vum Holz, dass de Krich an der Ukrain eng enorm Gefor fir en nukleare Konflikt bleift. Russland hätt d'Bedingunge fir den Asaz vun Atomwaffe gelackert a wier net bereet mat den USA iwwert e Vertrag fir d'Begrenzung vu strateegeschen Nuklearwaffen ze schwätzen. als weider Menacen nennt den Daniel Holz de Konflikt am Noen Osten, déi militäresch Aktivitéite vu China an der Géigend vun Taiwan oder déi andauernd Rakéitentester vun Nordkorea.
Op der Pressekonferenz iwwert d'Doomsday Clock huet de Juan Manuel Santos, fréiere kolumbianesche President a Friddensnobelpräisdréier, och den Ausstig vun den USA aus dem Paräisser Klimaschutzaccord an der Weltgesondheetsorganisatioun kritiséiert an als Réckschléi fir de Planéit bezeechent. Trotzdeemweist de Santos sech och zouversiichtlech, dass d'Weltënnergangsauer d'nächst Joer erëm no hanne geréckelt kéint ginn. D'USA, China a Russland hätten zwar gemeinsam d'Muecht d'Zivilisatioun ze zerstéieren, awer hie géif d'Ukënnegung vum Trump begréissen, dass hie mat Russland a China diplomatesch Ausweeër aus de Konflikter fanne wéilt.
Säit 1947 gouf d'Weltënnergangsauer iwweregens 8 Mol no hannen a 17 Mol no vir gestallt. Deen déifste Wäert gouf et nom Fall vun der Berliner Mauer mat 17 Minutte virun 12. Deen héchste Wäert hu mir dann elo erreecht. Et ass also net fënnef vir zwielef, mee 89 Sekonne viru "Mëtternuecht".
Hei fannt Dir de ganzen Detail vun der Doomsday Clock vum Bulletin of the Atomic Scientists!