Op d'mannst 29 Doudeger, iwwer 16.000 zerstéiert Gebaier a Mënschen déi hir ganz Existenz verluer hunn - de Bilan vun de Bränn zu Los Angeles ass fatal. An der Nuecht vun haut op muer gi mat engem Benefice-Concert Sue fir d'Affer gesammelt. Um Line-Up stinn e puer vun deene gréissten Nimm aus der Musekszeen!

30/01/2025 FireAid: Benefice-Concert fir Affer vu Bränn

"FireAid" geet den Owend um 18:00 Auer Los Angeles-Zäit un, bei eis also um 3:00 Auer an der Nuecht, a wäert op zwou verschiddene Plaze stattfannen: Eng Kéier am Intuit Dome, wou soss d'NBA-Ekipp Los Angeles Clippers doheem ass, an eng Kéier am Kia Forum, där fréierer Heemecht vun de Los Angeles Lakers. De Line-Up ass zimmlech beandrockend. Mat dobäi sinn zum Beispill d'Billie Eilish, d'Lady Gaga, de Stevie Wonder, d'Red Hot Chili Peppers, Dave Matthews & John Mayer oder d'Alanis Morissette. Nieft de musikalesche Performances wäerten et och Riede ginn, vu prominente Perséinlechkeeten, Témoignage vu Leit déi hiert Doheem verluer a Pompjeeën déi géint d'Feier gekämpft hunn. Ronn 2.000 Plaze wäerten och fir d'Rettungsdéngschter a Betraffener reservéiert sinn.

Schonn elo, mee virun allem och wärend "FireAid" kann een iwwert den Internetsitte FireAidLA.org spenden. D'Sue géifen engersäits fir kuerzfristeg Hëllefe genotzt ginn, awer och laangfristeg Preventiounsmesurë géint Bränn ënnerstëtzen. De Besëtzer vun den LA Clippers Steve Ballmer a seng Fra Connie hunn iwweregens ugekënnegt, dass si de Montant dee wärend der Live-Iwwerdroung zesummekënnt verduebele wäerten.

"FireAid" wäert am Ganzen eppes ëm fënnef Stonnen daueren. D'Show gëtt och live op ville grousse Plattformen ewéi Apple Music, Amazon Prime, Netflix, YouTube, Spotify, Disney+, Twitch, Instagram oder Facebook iwwerdroen. Well de Benefice-Concert jo an zwou verschiddene Venues stattfënnt, gëtt wärend der Iwwerdroung ëmmer tëschent deenen zwou Halen hin an hier geswitched. Och d'Leit déi live am Intuit Dome an am Kia Forum dobäi sinn, gesinn op groussen Ecranen jeeweils d'Iwwerdroung aus där anerer Hal.

"FireAid" erënnert natierlech un dee legendäre "LiveAid"-Concert vun 1985, bei deem de Bob Geldof etlech Musekstars zesummegetrommelt hat, fir Sue géint d'Hongersnout an Äthiopien ze sammelen. "LiveAid" hat och zwou Venues, de Wembley Stadion zu London an e Stadion zu Philadelphia an den USA.  De Sting, deen och elo bei "FireAid" optrëtt, war iwweregens och schonn deemools dobäi.