
© Photo by Nainoa Shizuru on Unsplash
Mat Justin Timberlake, Guns 'N Roses, Martin Garrix oder Nina Chuba kommen dëst Joer e puer vun deene gréissten Nimm aus der Museksbranche op Lëtzebuerg. Heiansdo deet et awer och emol gutt nei Bands a Kënschtler ze entdecken. Mir hunn iech dräi Concert-Geheimtipps vu Februar a Mäerz erausgesicht!
LIVINGSTON
Fir Fans vun den Imagine Dragons a Fall Out Boy: Mëttwochs de 5. Februar spillt den amerikanesche Museker Livingston am Atelier!
A senger Schlofkummer huet de Livingston mat 14 Joer en ale Computer vu senger Mamm entsëbst, op deem de Programm Logic drop war. Hien huet sech d'Produktioun a seng stëmmlech Fäegkeete selwer bäibruecht a seng musikalesch Karriär mat Cover-Versiounen op TikTok lancéiert. Mat der Influence vun Artisten ewéi Macklemore & Ryan Lewis, Jon Bellion oder Drake huet de Livingston lues a lues säin eegene Sound fonnt a säin Debut-Album "Lighthouse" erausbruecht. Säi bis elo gréissten Hit ass "Shadow" vum aktuellen an zweeten Album "Glow", mat deem hien e Mëttwoch och an den Atelier kënnt. Als Support fir de Livingston spillt déi Lëtzebuerger Kënschtlerin marcy.
Séchert Iech hei Är Tickete fir de Livingston de 5. Februar an den Atelier kucken ze goen!
NIEVE ELLA
Fir Fans vu Gracie Abrams an Holly Humberstone: Samschdes de 15. Februar spillt déi englesch Sängerin Nieve Ella live an de Rotondes!
D'Nieve Ella gëlt an der Musekswelt als grouss Nowuesstalent. Ënnert anerem stoung d'Kënschtlerin d'lescht Joer op der "Hype List" vum renomméierte brittesche Musekmagasinn Dork a war beim Format "MTV Push" op Besuch, bei deem déi beschten Newcomer-Artist:inne presentéiert ginn. Amazon Music UK huet d'Musekerin rezent op hir Lëscht vun den "Artists to watch 2025" gesat! Mat sengen zwou éischten EPs "Young & Naive" a "Lifetime of Wanting" huet d'Nieve Ella éischt grouss Erfolleger gefeiert a krut Slots als Support Act fir Dylan, Blossoms, Girl in Red oder Inhaler. Seng Single "Car Park" kënnt an enger Episod vun der Netflix-Serie "Heartstopper" vir. Dem Nieve Ella seng nei EP heescht "Watch It Ache and Bleed".
Séchert Iech hei Är Tickete fir d'Nieve Ella de 15. Februar an d'Rotondes kucken ze goen!
COLT
Fir Fans vu Louane oder Zaho de Sagazan: Donneschdes den 20. Mäerz spillt de belschen Duo COLT am Atelier!
COLT besteet aus dem Coline Debry an dem Antoine Jorissen. Déi Zwee waren de ganze Lycée iwwer zesummen an der Klass, hunn awer réischt duerno gemierkt, dass si mat der Musek eng gemeinsam Passioun hätten. Am Ufank vum Projet hu COLT nach gréisstendeels Musek op Englesch gemaach. Mam Release vun hirer zweeter EP "Mille vies" hu si dunn awer decidéiert, hir Karriär op Franséisch weiderzeféieren. COLT maachen Elektro-Pop mat Aflëss vun Indie a Folk, a schreiwe gären emol gesellschaftskritesch Texter iwwert d'Klimakris, Kënschtlech Intelligenz oder d'Schéinheetsidealer déi vu Fraen erwaart ginn. Hir ganz nei Single heescht "Demi-mot" a geet ëm Léift.
Séchert Iech hei Är Tickete fir COLT den 20. Mäerz an den Atelier kucken ze goen!