E Samschdeg ass d'Schleis zu Müden an Däitschland nees a Betrib geholl ginn nodeems am Dezember do en Accident geschitt war. Wat fir een Impakt dat op Lëtzebuerg hat, wéi sou eng Schleis iwwerhapt fonctionéiert a firwat een esou eppes brauch, hu mir fir Iech nogefrot.

03/02/2025 Schleisen hei am Land

An do lount sech e klenge Bléck an d'Vergaangenheet fir ze verstoe wéi déi 2 Schleisen déi mir zu Maacher wéi och zu Stadbriedemes hunn, entstane sinn. Philippe Proehs vum Service de la navigation fluviale:

"D'Musel ass jo ausgebaut gi fir dass d'Schëfffaart och kann am Summer stattfannen. Well am Summer ass soss an der Musel net genuch Waasser fir dass e Schëff ka vill beluede ginn. Deemools an den 1950er Jore si vu Frankräich, zemools an der Lorraine mat der Stolindustrie Beméiunge gemaach gi fir eben dëse Beräich mat de groussen Hafen ze verbannen an doduerch ass den Accord tëscht Däitschland, Frankräich a Lëtzebuerg gemaach gi fir d'Musel auszebauen. Dobäi goufen am Ganzen 28 Staustufe gebaut. 10 an Däitschland, 2 hei zu Lëtzebuerg an all déi aner a Frankräich."

An eng vun deenen 28 Staustufen ass also zu Müden an do war et elo wéinst den Aarbechten nom Accident wärend e puer Woche net méiglech duerch ze kommen.

"Op deenen 28 Schleisen ass Müden schonn déi 3., dat heescht zanter deem Accident ass hei déi ganz Schëfffaart vum Rhein ofgetrennt an doduerch och vun deene groussen Häfen am Mier. Et goufe jo Bestriewunge vun Däitschland déi Nout-Schleisungen ze maache sou dass déi Schëffer déi hei blockéiert waren nach virum neie Joer konnten zréck op de Rhein fueren awer et komme keng nei Wueren hei un an zanterdeem do geschafft gëtt, gëtt et och keen Echange."

De wirtschaftleche Schued deen duerch dat Accident entstanen ass, ass enorm a gëtt op e puer honnerte Milliounen Euro geschat. Gutt also, dass esou Accidenter extrem rar sinn. 

U sech ass de Risiko ganz geréng well et ganz kloer vun der sougenannter Moselschifffahrtspolizeiverordnung gereegelt ass wéi een op der Musel ze fueren huet.

"Dovunner ofgesi ginn et hei Luuchte wou ee gesäit ob een an d'Schleisekummer era fueren däerf oder net an da ginn et hei och nach Schleisemeeschter déi Uweisunge ginn. Doduerch hu mir hei eng gewësse Sécherheet mee et muss een natierlech ëmmer oppasse wann een an d'Schleisekummer erafiert allen Instruktiounen ze follegen, sief et déi vum Schleisemeeschter, vun de Luuchten oder vun de Schëlder. An et muss een och, wann ee fiert, oppasse wann ee manövréiert fir dass een net widder d'Schleisepaart oder Kummer kënnt."

Ma wat ass eigentlech sou eng Staufstuf a wéi fonctionéiert eng Schleis?

Am gängege Sproochgebrauch schwätze mir vu Schleise fir d'Saach ze vereinfachen, ma u sech sinn déi just een Deel vun deem ganze Bauwierk dat een op der Musel gesäit. Déi ganz Apparatur besteet u sech aus enger respektiv zwou Schleisen, eng kleng an eng grouss. Da gëtt et och eng Wier déi d'Waasser zréckstaut an e Kraaftwierk dat vun der SEO bedriwwe gëtt a mat deem d'Waasser reguléiert an och Stroum produzéiert gëtt.

"Déi kleng ass fir Sportsschëffer déi d'Dimensiounen hu fir déi Schleis ze benotzen an déi zweet Schleis ass déi grouss Schëfffaartsschleis. Dat fir Schëffer bis zu enger Längt vun 170 Meter an enger Breet vun 11,45 Meter. D'Schleis erméiglecht et, d'Schëff vun engem Waasserniveau op deen aneren entweder ze hiewen oder erofzeloossen, jee vu wéi enger Säit ee kënnt."

An dat fonctionéiert iwwert eng sougenannte Schleisekummer an zwou Paarten tëscht deenen d'Schëff mat Seeler geséchert gëtt éier d'Waasser eraus- oder eralafe gelooss gëtt fir dee selwechte Waasserniveau op béid Säiten ze erreechen.

"Soubal de Waasserniveau identesch ass, gëtt d'Paart opgemaach a wann d'Luucht bis gréng ass, kann d'Schëff weiderfueren."

Op der Musel gesäit ee virun allem grouss Schëffer déi Wueren transportéieren.

"Mir hunn déi Güter-Motorschëffer déi Wueren transportéieren. An der Moyenne ginn hei 5 Milliounen Tonnen transportéiert op der Schleis zu Gréiwemaacher. Ofgesi vun de Güter-Motorschëffer déi een hei am meeschten huet, ginn et hei och Fräizäit-Schëffer respektiv Excursiouns- an Hotelsschëffer."

An all déi Schëffer sinn op eng gewëssen Déift vum Waasser ugewise fir kënnen ze fueren - konkret schwätze mer vun 3 Meter Déift. An dat eben dat ganzt Joer iwwer. Dat geet allerdéngs nëmme soulaang dann och alles fonctionéiert wéi et soll.

Sollt et dann awer mol zu engem Accident kommen, wéi dat ebe lescht Joer zu Müden de Fall war, dann ass dat e richteg grousse Problem fir d'Schëfffaart. Et wier deemno sécherlech net vu Muttwëll eng 2. Schleisekummer ze hunn.

"Et gi Pläng fir eng 2. Schleisekummer hei zu Maacher an zu Stadbriedemes ze bauen. Dofir ass och schonn den Terrain dofir virgesinn a reservéiert. Dee Projet mam Ausbau vun enger 2. Schleisekummer ass well an Däitschland lancéiert gi wou scho bei 3 Staustufen eng 2. Schleisekummer ass, mee leider war dat zu Müden net de Fall."

Sollt dat effektiv wéi zu Müden net de Fall sinn, da rechent sech de Schued nawell ganz séier a Milliounenhéicht.