
© afp
"Wicked", "Vaiana 2" oder "Mufasa": A leschter Zäit tauchen op TikTok ëmmer méi Livestreams vun aktuelle Kinofilmer op. Dass dat nëmmen illegal ass, dierft jidderengem aliichten. Awer oppassen: Net nëmmen d'Streamen vun esou Filmer ass illegal, och fir Leit déi nokucke kann dat rechtlech Konsequenzen hunn!
An der ganzer Europäescher Unioun sinn d'Droits d'Auteur immens streng gereegelt. Doduerch si kreativ Wierker ewéi Filmer, Musek oder Bicher staark virun onerlaabter Verbreedung geschützt. Wien also geschützt Material ouni Erlabnis verëffentlecht oder verbreet, begeet eng Copyright-Verletzung a mécht sech domat strofbar. TikTok huet kloer Reegele géint d'Violatioun vun den Droits d'Auteur. An de Community-Riichtlinnen an Notzungsbedingungen ass festgeluecht, dass d'Verëffentlechung vu Copyright-geschütztem Material ouni Erlabnis verbueden ass. Wann een dogéint verstéisst, muss ee säi Stream direkt offline huelen, engem säin Account gëtt gespaart oder geläscht, an et muss ee mat rechtleche Schrëtt vun de Besëtzer vun den Droits d'Auteur rechnen. TikTok deelt och mat, dass si geziilt no esou illegalen Inhalter sichen.
Och d'Kucke vun esou Streams ass net esou onproblematesch ewéi vill Leit denken. 2017 hat den Europäesche Geriichtshaff nämlech decidéiert, dass schonn de bewosste Konsum vun offensichtlech illegalem Contenu eng Verletzung vun den Droit d'Auteuren duerstellt. D'Urteel C-527/15 gouf deemools als "Filmspeler-Affär" bekannt. Dass aktuell Kinofilmer Copyright-geschützt sinn ass evident. Wien also illegal Kinofilmer via TikTok-Livestream kuckt, geet e grousse Risiko an. Als Konsequenz kënnen zum Beispill eng Account-Spär oder finanziell Strofen op een duerkommen. Am schlëmmste Fall kënnen d'Besëtzer vun den Droits d'Auteur och op Schuedensersatz kloen. Och wann eenzel Zuschauer oft schwéier ze identifizéiere sinn, sollt een d'Gefor beim illegale streame vu Kinofilmer net ënnerschätzen. Wien ëmmer erëm där Streams notzt, oder sech an Chats iwwert illegal Inhalter austauscht, ka séier an d'Viséier geroden.