
© afp
E Méinden huet de Cristiano Ronaldo beim Match vu sengem Al-Nassr géint Al Wasl d'Goaler 922 an 923 vu senger Karriär geschoss. Och haut gëtt et e Grond ze feieren: De portugisesche Fussballer kritt nämlech 40 Joer! De fënneffache Ballon d'Or Gewënner an dräifache Weltfussballer huet esou zimmlech alles erreecht wat een am Fussball kann erreechen an all Rekord gebrach deen ee ka briechen. Ugefaangen huet alles op Madeira. Duerno goung et iwwer Sporting Lissabon op déi aner Insel!
Et ass den Alex Ferguson vu Manchester United, deen de Ronaldo 2003 iwwerzeege kann, fir an England ze wiesselen. Do gëtt aus dem Cristiano Ronaldo dunn och den CR7: Am Fong sicht de Ronaldo sech nämlech d'Nummer 28 eraus, déi selwecht ewéi bei Sporting, de Ferguson besteet awer drop, dass säin neien Transfer d'Nummer 7 kritt, déi virun him Veräinslegenden ewéi George Best, Bryan Robson oder Éric Cantona gedroen hunn.
E puer Joer méi spéit gëtt den CR7 selwer zur Veräinslegend. Hie féiert Manchester United zu dräi Meeschtertitelen hannerteneen, dem Gewënn vun der Coupe an der Champions League. 2008 gëtt hien och fir déi éischte Kéier als Weltfussballer a mam Ballon d'Or ausgezeechent. Fir déi deemoleg Rekordzomm vu 94 Milliounen Euro wiesselt den CR7 2009 bei Real Madrid. An iwwer 400 offizielle Matcher schéisst de Ronaldo am Schnëtt méi ewéi ee Goal pro Match. Mat de Madrilene gewënnt den CR7 ënnert anerem véier weider Kéieren d'Champions League. Historesch war besonnesch "La Décima" 2014: Am Estádio da Luz zu Lissabon, där Plaz wou fir de Cristiano Ronaldo alles ugefaangen huet, séchert sech Real Madrid mam 4:1 géint de Rival Atlético deen zéngten Titel an der Veräinsgeschicht.
Och déi portugisesch Nationalekipp hieft de Cristiano Ronaldo wärend där Zäit op een anere Level. Mam Ronaldo spillt Portugal sechs Europameeschterschaften a fënnef Weltmeeschterschaften. 2016 féiert hie seng Ekipp als Kapitän zum Gewënn vun der EM a kréint esou seng Karriär! Vun 2018 u spillt de Ronaldo bei Juventus Turin a gëtt ënnert anerem 2019 an 2020 italieenesche Meeschter. No enger kuerzer Statioun bei senger Jugendléift Manchester United, spillt den CR7 mëttlerweil beim Saudi-arabesche Veräin Al-Nassr.
Quasi seng ganz Karriär iwwer liwwert de Cristiano Ronaldo sech eng grouss Rivalitéit mam Lionel Messi. Wie vun hinnen zwee dee wierkleche beschte Fussballer vun allen Zäiten ass, gesäit wuel jiddereen anescht. Déi zwee hunn de Konkurrenzkampf awer ëmmer mat Humor geholl a ginn ënnertenee richteg gutt eens. Ikonesch ass virun allem och dem CR7 säin Torjubel: Siiuuuuuuuu!