Skunk Anansie spillen dëst Joer endlech erëm Concerten. Freides den 21. Mäerz kënnt déi brittesch Band bei eis op Lëtzebuerg an den Atelier!

17/03/2025 Skunk Anansie @ den Atelier

Mëtt vun den 90er suerge Skunk Anansie mat hire politeschen, feministeschen an antirassisteschen Texter fir Oprou an der Musekszeen. Direkt mam Debut-Album "Paranoid & Sunburnt" huet d'Band ronderëm déi ikonesch Frontfra Skin Erfolleg a ganz Europa. D'Single-Auskopplung "Hedonism (Just Because You Feel Good)" gëtt ee groussen Hit a mécht d'Band beim Mainstream-Public bekannt. Den Numm "Skunk Anansie" ass iwweregens ofgeleet vun der mythescher westafrikanescher Figur "Anansi", dem Spannemann, a "Skunk", den Numm vun enger Cannabiszort an dat englescht Wuert fir Sténkdéier.

No de weidere groussen 90er-Hits "Weak", "Charity" oder "Selling Jesus" léise Skunk Anansie sech 2001 op. D'Memberen hu sech op Solo-Projete fokusséiert, ënnert anerem huet d'Sängerin Skin zwee Solo-Alben erausbruecht. 2009 dunn déi grouss Reunion: Skunk Anansie releasen de Greatest Hits-Album "Smashes and Trashes" a spillen eng Tournée duerch ganz Europa.

No hirer Reunion hu Skunk Anansie nach dräi weider Studio-Alben an ee Live-Album erausbruecht. 2016 ass dee bis elo leschte Longplayer "Anarchytecture" erauskomm. Säitdeem huet d'Formatioun wuel e puer eenzel Singles verëffentlecht, awer kee weideren Album annoncéiert. Trotzdeem si Skunk Anansie nach ëmmer immens populär, hire Concert am Atelier den 21. Mäerz ass komplett ausverkaaft!