
© Alec Benjamin
Samschdes den 22. Mäerz kënnt den amerikanesche Singer-Songwriter Alec Benjamin op Lëtzebuerg an de Club vun der Rockhal!
Am Fong war dem Alec Benjamin seng Karriär scho gemaach. Nodeems hie mat senge Songs am Internet d'Opmierksamkeet vu Columbia Records op sech gezunn hat, ënnerschreift de Kënschtler mat 18 Joer do e Vertrag. Ewéi hien no senger Debut-Single "Paper Crown" awer säin Album areecht, gëtt hie vu Columbia Records erëm aus dem Vertrag entlooss. Op eemol steet den Alec also erëm ganz eleng do.
Als Independent-Artist schafft den Alec Benjamin haart, fir säin eegene Wee an de Musekbusiness ze fannen. Innerhalb vu sechs Méint spillt hie bal 170 Concerten - op Parkingen, an der Géigend vu Venues an deene méi spéit am Dag grouss Stars gespillt hunn oder op senger selwer organiséierter a finanzéierter Europa-Tournée. Donieft luet de Museker all zwou Wochen en neie Song op YouTube erop a gewënnt esou honnertdausenden Abonnenten. 2019 geléngt him dunn endlech de Duerchbroch mat "Let Me Down Slowly".
Op sengem aktuellen Album "12 Notes" reflektéiert den Alec Benjamin iwwert d'Emotiounen aus deem leschten annerhallwe Joer. Op Tracks ewéi "King Size Bed", "I Sent My Therapist To Therapy" oder "Pick Me" verschafft hien Themen ewéi Léift, Mental Health a seng perséinlech Weiderentwécklung. Och wann den Album hei an Europa e bëssen ënnert dem Radar gelaf ass, ass "12 Notes" musikalesch ganz staark.
Séchert Iech hei Är Tickete fir dem Alec Benjamin säi Concert am Club vun der Rockhal den 22. Mäerz!